François Arago
François Arago | |
---|---|
Gebuertsnumm | Dominique François Jean Arago Roig |
Gebuer |
26. Februar 1786 Estagel |
Gestuerwen |
2. Oktober 1853 Paräis |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | École polytechnique |
Aktivitéit | Astronom, Mathematiker, Physiker, Politiker, Universitéitsprofesser, Biograph, Schrëftsteller |
Partei | keng |
Member vun | Royal Society, Académie des sciences, Royal Society of Edinburgh, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Accademia Nazionale delle Scienze, Académie nationale de médecine, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, Accademia delle Scienze di Torino |
Famill | |
Geschwëster | Étienne Arago |
Kanner | Emmanuel Arago |
Den Dominique-François-Jean Arago, gebuer de 26. Februar 1786 zu Estagel bei Perpignan, a gestuerwen den 2. Oktober 1853 zu Paräis, war e franséische Physiker an Astronom.
De François Arago huet op der École Polytechnique zu Paräis studéiert. Am Joer 1805 gouf hie Sekretär am Bureau des longitudes. Ënner grousse Schwieregkeeten huet hien zesumme mam Jean-Baptiste Biot d'Meridianmiessunge vum Pierre Méchain a Spuenien ënner Optrag fäerdeg gemaach. Am Joer 1809 gouf hien zum Member vum Institut National gewielt an hält Schoul op der École Polytechnique. Am Joer 1811 huet hien nogewisen, datt och polariséiert Liicht interferéiere kann (Polarisation colorée, chromatesch Polarisatioun).
Den Arago war iwwerzeegt dovun, datt d'Liicht aus Transversalwelle besteet (no der sougenannter Ondulatiounstheorie). Mam Augustin Jean Fresnel huet hien 1819 d'Gesetz fonnt, no deem zwéin an engem Niveau polariséiert Strale mateneen interferéiere kënnen, zuenee vertikal polariséiert Stralen awer net.
Am Joer 1820 huet hien d'Magnéitiséierung vum Eisen (Stolnol) duerch e Leeder duerch dee Stroum fléisst gemierkt. 1824 huet hien d'Experiment gemaach, bei deem eng fräi rotéierbar Magnéitnol iwwer eng Kofferscheif déi rotéiert, schwieft, an duerch d'Rotatioun vun der Scheif och a Beweegung gesat gëtt. De Michael Faraday huet e puer Joer méi spéit nogewisen, datt et sech dobäi ëm d'Induktioun handelt. Den Arago huet dee Phenomeen Rotatiounsmagnéitismus genannt. Et war och deen éischte Versuch, deen de Wierbelstroum noweise konnt.
Zanter 1830 war den Arago Direkter vum Paräisser Observatoire an huet do all modern Méiglechkeete vun der Astronomie an der Physik ausgenotzt. Als éischten huet hien d'Szintillatioun agefouert, vun de Stären op Interferenzen an der Atmosphär vun der Äerd zeréck, déi wéinst der Loftbeweegung entstinn.
Den Arago ass mat sengem Numm um Eiffeltuerm veréiwegt, kuckt: 72 Nimm um Eiffeltuerm.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Dominique Arago: Œuvres complètes. – Paris: Baudry/Gide 1854–1862 (Hrsg.: J. A. Barral)
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Maurice Daumas: Arago, 1786-1853. – Paris: Belin, 1987; ISBN 2701111226
- François Sarda: Les Arago. François et les autres. – Paris: Tallandier, 2002; ISBN 284734005X (mit einem Vorwort von Emmanuel Le Roy Ladurie)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: François Jean Dominique Arago – Biller, Videoen oder Audiodateien |