Jean-Baptiste Biot
Jean-Baptiste Biot | |
---|---|
Gebuer |
21. Abrëll 1774 Paräis |
Gestuerwen |
3. Februar 1862 Paräis |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
École polytechnique, École nationale des ponts et chaussées |
Aktivitéit | Mathematiker, Physiker, Astronom, Bauingenieur, Ingenieur, Professer, Astrolog |
Member vun | Royal Society, Académie française, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, American Academy of Arts and Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Accademia Nazionale delle Scienze, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Accademia delle Scienze di Torino |
De Jean-Baptiste Biot, gebuer den 21. Abrëll 1774 zu Paräis, an do gestuerwen den 3. Februar 1862, war e franséische Physiker a Mathematiker.
Hien huet am fréien 19. Joerhonnert den Zesummenhang tëscht elektreschem Stroum a Magnéitismus ënnersicht (Biot-Savart-Gesetz), souwéi d'Dréiung vu polariséiertem Liicht beim Duerchgank duerch optesch aktiv, cheemesch Léisungen (optesch Aktivitéit).
1797 gouf hie Professer fir Mathematik an der École Centrale zu Beauvais an am Joer 1800 zum Professer vun der Physik um Collège de France zu Paräis beruff, souwéi 1809 zum Professer vun der Astronomie bestëmmt. Hie war ee vun deenen éischte Membere vun der Société d'Arcueil an am Laf vun der Zäit Member vun allen dräi Paräisser Akademien. De 24. August 1804 ënnerhëllt hie mam Gay-Lussac eng Faart mat dem Waasserstoffballon an erreecht dobäi eng Héicht vu 4.000 m. Bei dëser Geleegenheet ënnersichen déi zwéi d'Äerdmagnéitfeld a besonnesch d'Inklinatioun.
De Biot huet och an der Geodesie geschafft an erweidert 1807-1808 mam Arago d'Gradmiessung vum Méchain an dem Delambre no Süde bis zu de Balearen. Am Norde verlängert hie si 1817-1818 bis zu de Shetland-Inselen. Mat dem Borda-Pendelapparat féiert hien am Joer 1811 d'Gravimetrie um 45. Breedegrad duerch a bestëmmt fir d'éischt eng Senkelofwäichung um Mont Cenis bei Bordeaux (1820 zesumme mam Francesco Carlini).
Als Physiker entdeckt hien d'Duebelbriechung vu Glimmermineralen, wouduerch d'Mineral Biotit no him genannt gouf. Zu sengen Éiere gouf déi fréier cgs-Eenheet vum elektresche Stroum mat "Biot" (Eenheetenzeechen Bi), souwéi eng dimensiounslos Kennzuel (Biot-Zuel) vun der Thermodynamik genannt. Och e Krater um Äerdmound Biot dréit säin Numm.
Och an der Geschicht vun den Naturwëssenschaften huet de Biot gefuerscht. Hien huet ënner anerem iwwer den Newton an iwwer d'Astronomie vun den alen Egypter, Inder a Chinese geschriwwen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Jean-Baptiste Biot – Biller, Videoen oder Audiodateien |