Anaxagoras (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Anaxagoras
Koordinaten 73°28'48"N, 10°10'12"W
Duerchmiesser 51,9 km
Déift 3.060 m
Selenographesch Längt 11° bei Sonnenopgank
Genannt no Anaxagoras
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ01

Den Anaxagoras ass en Aschlagkrater um Äerdmound héich am Norde op der viischter Äerdmoundsäit. En iwwerlagert den eelere Krater Goldschmidt am Osten. Weider am Südoste läit de Krater Barrow. De Krater ass relativ jonk. Hien huet e Stralesystem a säi Kraterrand ass wéineg erodéiert. Am sengem Zentrum ass wéi bal an all Krater en Zentralbierg.

Niewekrateren[änneren | Quelltext änneren]

Anaxagoras Breetegrad Längtegrad Duerchmiesser
A 72,25° N -7,03° W 17,89 km
B 70,34° N -11,4° W 4,95 km

De Krater gouf am Joer 1935 vun der IAU nom griichesche Philosoph an Astronom Anaxagoras genannt.

Nordwestleche Moundrand mam Anaxagoras riets uewen.
D'Lag vum Anaxagoras

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]