Aristillus (Moundkrater)
Ausgesinn
De Moundkrater Aristillus (LROC-WAC) | |
Koordinaten | 33°52'48"N, 1°12'36"O |
---|---|
Duerchmiesser | 54,4 km |
Déift | 3.300 m |
Selenographesch Längt | 359° bei Sonnenopgank |
Genannt no | Aristyllos vu Samos |
Genannt am Joer | 1935 |
Moundvéiereck | LQ05 |
Den Aristillus ass en Aschlagkrater op der viischter Moundsäit um Flaachland vum Mare Imbrium, tëscht de Montes Caucasus a sengem ëstleche Rand an de Montes Spitzbergen am Westen. Südwestlech läit de grousse Krater Archimedes, dertëscht dat als Sinus Lunicus genannt Deelgebitt vum Mare Imbrium. Nordwestlech leien d'Krateren Theaetetus a Cassini.
Den opfällege Krater huet en terrasséierte Rampli an en Zentralbierg mat dräi Spëtzten. D'Stralesystem dat vum Krater ausgeet erstreckt sech iwwer 600 km.
Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
---|---|---|---|
A | 33,62° N, 4,52° O | 4 km | [1] |
B | 34,79° N, 1,94° W | 8 km | [2] |
De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. nom griecheschen Astronom Aristyllos genannt.