Montes Caucasus

Vu Wikipedia
Topographesch Kaart vum Mare Imbrium. D'Montes Caucasus si mat engem "O" markéiert.
Montes Caucasus

D'Montes Caucasus sinn e schréie Biergzuch um Äerdmound, tëscht dem Mare Imbrium am Westen an dem Mare Serenitatis am Südosten. Den Duerchmiesser gëtt op 445 km geschat, an de Mëttelpunkt läit bei 38° 4' N an 10° O. D'Bierger si bis zu 6 km héich. Si goufe bis elo nach net mat eenzele Nimm versinn. D'Bezeechnung "Montes Caucasus" – ofgeleet vum Kaukasus – staamt vum däitschen Astronom Johann Heinrich von Mädler.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie