Dorsa Lister

Vu Wikipedia
Dorsa Lister
Den Dorsa Lister mam Dorsum Nicol (LROC-WAC)
Eegenschaften
Breet 19.76 Nord
Längt 23.52 Ost
Duerchmiesser 180.09 km
1976 genannt nom Martin Lister

D'Dorsa Lister sinn eng Grupp vun Dorsa um Äerdmound. Se sinn ongeféier 203 km laang a leien um Plateau vum Mare Serenitatis, nërdlech vum Krater Plinius. Si maachen e grousse Bou, deen am Weste beim Krater Bessel ufänkt, an a südëstlecher Richtung verleeft, bis en am Süden den Dorsum Nicol beréiert an dann no Nordosten dréint a westlech vum Bessel verschwënnt.

1976 krut se den Numm vum brittesche Geolog an Zoolog Martin Lister.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]