Mare Serenitatis

Vu Wikipedia
De Mare Serenitatis
Kaart vum Mare Serenitatis (déi koloréiert Feiler weisen d'Landepositioune vu Luna 21, Apollo 15 an Apollo 17)
Mascon de Mare Serenitatis am Verglach vum Schwéierfeld (ënnen) mat der Topographie vun der Mareuewerfläch.

D'Mare Serenitatis (lat. „Mier vum Frousënn“) ass e Moundmier ëstlech vum Mare Imbrium um Äerdmound. Et läit am Serenitatis-Becken.

D'Mare Serenitatis grenzt am Südosten un d'Mare Tranquillitatis an am Südwesten un d'Mare Vaporum.

Laanscht de südwestleche Beckerand zitt sech de Bierg Montes Haemus. Weider westlech vum Mare war Apollo 15 gelant. Südëstlech vu sengem Rand leien d'Montes Taurus, wou an der Géigend d'Luna 21 an Apollo 17 gelant waren.

D'Mier läit am Zentrum op de selenographesche Koordinaten 28° 00' N, 17° 30' E. De mëttleren Duerchmiesser ass 707 km.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]