Mascon
D'Mascone si groussraimeg Beräicher mat grousser Gestengsdicht ënner der Uewerfläch vum Äerdmound. Déi masseräichst vun hinne leien am Beräich vun de grousse ronne Moundmierer op der Nordhemisphär- Den Numm gouf vum englesche Wuert mass concentration ofgeleet.
D'Dicht an engem Mascon läit bei 3,3 g/cm³, fir dat Gestengs ronderëm dogéint bei 3,0 g/cm³. D'Mass vun alle Mascone mécht ronn 0,01 bis 0,03 Prozent vun der ganzer Mass vum Mound aus. Als negativ Mascone gi Gebidder bezeechent, déi méi eng kleng Dicht wéi den Entourage hunn.
Déi gréisst Masconen
[änneren | Quelltext änneren]Déi fënnef bedeitendst Mascone leien ënner de grousse ronne Moundmierer op der äerdzougedréiter Säit (am Bild uewen déi rout Gebidder). Kleng Mascone gëtt et och op der Moundrécksäit, negativ (blo Gebidder) ënner en ettlech groussen Aschlagkrateren.
No hirer Gréisst opgereite Mascone sinn:
- Mare Imbrium, gréisst Moundmeer nordwestlech vun der Moundmëtt
- Mare Serenitatis nordëstlech vun der Moundmëtt (kuckt d'Bild riets)
- Mare Crisium am Osten
- Mare Nectaris südëstlech vun der Moundmëtt
- Mare Humorum am Südwesten.
Méi kleng an onreegelméisseg sinn:
- Mare Humboldtianum (nordëstleche Moundrand)
- Mare Orientale (gréisstendeels op der Moundrécksäit)
- Mare Smythii (um Ostrand, kuckt d'Bild riets)
- Rank um Risekrater Korolev (Moundrécksäit)
- Regioun ëm de Gagarin
- Regioun Mendel-Ryberg (Moundrécksäit).
Negativ Mascone si bei ville Rankbierger a Grousskrateren ze fannen, ë. a.:
- am südlechen Héichland d'Kratere Bailly, Schickard, Clavius an Nopeschgrousskratere wéi Longomontanus a Maginus
- beim Equator op der Moundrécksäit ë. a. Hertzsprung, Mendeleev an Ziolkowski
- am südleche Récksäitenhéichland d'Grousskrateren Apollo a Schrödinger
Entdeckungsgeschicht
[änneren | Quelltext änneren]Scho bei den éischte Moundsonden, déi ëm de Mound gekreest sinn (Lunar Orbiter), goufe Bunnstéierungen a Form vun enger regional méi staarker Bunnkrëmmung entdeckt, wat d'Astronomen op Onreegelméissegkeeten an der Masseverdeelung um Mound higewisen huet. Nëmme bei enger kugelsymmetrescher Masseverdeelung ëmkreest e Satellit en Himmelskierper op enger elliptescher Bunn. Déi onreegelméisseg Ëmleef vun de Sonde konnten nëmme mat Gravitéitsanomalien erkläert ginn. D'Lunar-Prospector-Missioun huet déi Gebidder kartographéiert an eng detailléiert Kaart vu Masconen opgestallt.
Genesistheorien
[änneren | Quelltext änneren]Well Masconen ënner den Aschlagskrateren a Maria leien, geet hir Genesis op d'Zäit vum leschte grousse Bombardement virun zirka 4 bis 3,8 Milliarde Joer zeréck. Riseg Meteoritte sinn an där Ära op de Mound gefall an hu seng Gestengskuuscht duerchbrach. D'Magma dat doduerch op d'Uewerfläch koum, huet sech dunn iwwer d'Mounduewerfläch verdeelt a sou sinn d'Maria entstanen. Drënner entstoungen d'Masconen. Verschidde Wëssenschaftler huelen un, datt d'Mascone Reschter vun de Meteoritteneisekäre sinn, anerer gi vu Lavablosen aus, déi duerch d'Aschléi eropkoumen.
Miessunge vun den Apollo-Missioune loossen dogéint unhuelen, datt déi ronn Becken am Ufank nëmmen deelweis mat Magma gefëllt goufen. Déi Basaltmassen (Gestengsdicht 3,3 g/cm³) sinn am Kuuschtegestengs vun der Ëmgéigend (2,9 bis 3,4 g/cm³) sou wäit ënnergaangen, bis en isostatescht Gläichgewiicht erreecht war. D'Schicht ass verstengert, soudatt spéider neie Basalt d'Maria bis op déi haiteg Héicht opgefëllt huet. Am Zentrum vun de ronne Maria ass d'Basaltschicht ongeféier 25 km déck, op d'Ränner zou hëlt d'Déckt of.
Déi onreegelméisseg geformt Moundmierer hunn dogéint keng Masconen a si manner déif. Si si warscheinlech gläichzäiteg mat den ieweschte Lavaergëss vun de ronne Maria entstanen.
Masconen op der Äerd?
[änneren | Quelltext änneren]Ënner de groussen Aschlagkrateren op der Äerd wéi z. B. ënner dem Nördlinger Ries si keng Massekonzentratiounen nogewise ginn. Et gëtt ugeholl, datt deen duerch de Fluch an d'Atmosphär opgehëtzte Kär beim Opschlag verdämpt war oder d'Stécker sech beim Opprall groussflächeg verdeelt hunn. D'Äerdkuuscht ass och vill méi déif wéi déi fréier Moundkuuscht a gouf net wéi beim Entstoe vun de Marebecken duerchschloen. An der Antarktis zu Wilkesland gouf am Joer 2006 eng grouss Gravitéitsanomalie entdeckt, déi e Mascon kéint sinn.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Unser heutiges Bild vom Mond, "Die Naturwissenschaften" Aug.1974
- Marco Gregnanin et al.: Mapping lunar mascons on the hidden side of the Moon - Gravitational field measurement through a micro-satellite mission. S. 572-583, Acta Astronautica, Vol. 65, Iss. 3-4, 2009