Korolev (Moundkrater)
Moundkrater Korolev | |
---|---|
Eegenschaften | |
Breet | - 4,14° S |
Längt | - 157,22° W |
Duerchmiesser | 423,41 km |
Déift | ? |
Selenographesch Längt | 163° bei Sonnenopgank |
Genannt nom | Sergei Koroljow (1907–1966) |
Genannt am Joer | 1970 |
De Moundkrater Korolev läit ongeféier an der Mëtt vun der Äerdmoundrécksäit. En huet en Duerchmiesser vun ongeféier 420 km a gouf nom russesche Rakéite-Chefconstructeur Sergei Koroljow (1907–1966) genannt.
De grousse Krater huet d'Form vun engem risegen Duebelrank, woubäi de bannenzege Rank bal 200 km Duerchmiesser huet, a weist kreesfërmeg eng negativ Schwéieanomalie op (negative Mascon), déi sech ronderëm an d'staarkt positiv ännert. Am Zentrum vun der Formatioun sinn en ettlech kleng Krateren, dorënner zwéi mat iwwer 50 km Duerchmiesser.
Genee déi selwecht Form vum Duebelrank fënnt een och bei de Risekrateren Apollo an Hertzsprung déi südlech resp. ëstlech leien. Déi dräi Groussstrukture vun der Moundrécksäit gläiche sech am Opbau (méi schwaach och dem Mare Orientale), wat op eng selwecht Genesis hiweist.
Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
---|---|---|---|
B | 3,66° S, 156,22° W | 20 km | [1] |
C | 0,76° S, 153,18° W | 66 km | [2] |
D | 0,36° S, 151,78° W | 24 km | [3] |
E | 3,4° S, 153,31° W | 37 km | [4] |
F | 4,23° S, 152,67° W | 31 km | [5] |
G | 5,63° S, 153,37° W | 12 km | [6] |
L | 5,8° S, 156,69° W | 28 km | [7] |
M | 8,52° S, 157,36° W | 56 km | [8] |
P | 8° S, 159,82° W | 18 km | [9] |
T | 4,25° S, 157,56° W | 23 km | [10] |
V | 1,26° S, 161,82° W | 18 km | [11] |
W | 0,26° S, 160,35° W | 31 km | [12] |
X | 0,52° N, 159,18° W | 30 km | [13] |
Y | 0,56° S, 158,39° W | 19 km | [14] |
Kuckt och
[Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Krater Korolev – Biller, Videoen oder Audiodateien |