Kepler (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Kepler
De Moundkrater Kepler Lunar Orbiter 4
Koordinaten 8°7'12"N, 38°0'36"W
Duerchmiesser 32 km
Déift 2600 m[1]
Selenographesch Längt 38° bei Sonnenopgank
Genannt no Johannes Kepler
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ11
D'Kratere Kepler an Encke
Kepler, opgeholl vun Apollo 12. NASA

De Kepler ass en Aschlagkrater op der viischter Moundsäit, deen nom däitschen Astronom Johannes Kepler genannt ass. Hien ass scho mat engem klengen Teleskop en opfällege Moundkrater, well hien änlech wéi den Tycho an de Kopernikus e Stralesystem huet.

Lag an Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

De Kepler ass en opfällege Krater no beim Moundequator op der äerdzougedréiter Moundsäit. Hie läit mat sengem Zentrum bei 8,1° nërdlecher selenographescher Breet an 38,0° westlecher Längt, westlech vum Oceanus Procellarum an ëstlech vum Mare Insularum. Säin Duerchmiesser ass 32 Kilometer. Seng Déift méisst vun der Héicht vum Rampli aus 2600 Meter. De Kraterrand ass duerch Ofrëtsch eppes eckeg geformt. De banneschte Hang vum Rampli ass terrasséiert. Den zentrale Biergmassiv ass nëmme schwaach profiléiert.

De Kepler huet e ganz helle Banneberäich an ass doriwwer eraus den Zentrum vun engem helle Stralesystem.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
A 7,13° N, 36,14° W7 11 km [1]
B 7,73° N, 35,35° W7 7 km [2]
C 10° N, 41,87° W7 12 km [3]
D 7,4° N, 41,89° W7 10 km [4]
E 7,36° N, 44,01° W7 6 km [5]
F 8,29° N, 39,1° W7 6 km [6]
P 12,2° N, 34° W7 4 km [7]
T  N, 34,62° W7 3 km [8]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.