King (Moundkrater)

Vu Wikipedia
King
De Krater King, Foto: Apollo 16
Koordinaten 4°57'36"N, 120°29'24"O
Duerchmiesser 76,2 km
Selenographesch Längt 241° bei Sonnenopgank
Genannt no Arthur Scott King
Genannt am Joer 1970
Moundvéiereck LQ14


De King ass en opfällegen Aschlagkrater op der Récksäit vum Äerdmound a kann dofir net vun der Äerd aus gesi ginn. Zesumme mam bal grad sou grousse Krater Ibn Firnas, dee sech u säin nordëstleche Rand uschléisst, bilt hien eng Kraterkoppel. Nordwestlech läit de Krater Lobachevskiy an op der selwechter Distanz an nord-nordwestlecher Richtung de Krater Guyot.

De Kraterrand vum King ass bal kreesfërmeg mat liichten Asackungen, virun allem op der Nordsäit. Hien huet keng gréisser Erosiounsspueren. Déi bannenzeg Wänn sinn terrasséiert. De Kraterbuedem huet eng onreegelméisseg Uewerfläch. Deen y-fërmege laanggezunnene Bierg am Zentrum ass en Deel vun engem Héichtenzuch, deen op de Südrand zouleeft.

E klenge Krater mat engem Duerchmiesser vun zwéi Kilometer an der Géigend vun der ost-südëstlecher bannenzeger Wand gouf 1976 vun der I.A.U. op den indesche Fraenumm Sita gedeeft.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
J 3,29° N, 121,62° O7 12 km [1]
Y 6,54° N, 119,55° O7 36 km [2]

Am Joer 1970 ass de Krater vun der I.A.U. nom US-amerikaneschen Astrophysiker Arthur Scott King (1876–1957) an dem US-amerikaneschen Astronom Edward Skinner King (1861–1931) genannt ginn.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]