Stralesystem

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
D'Stralesystem ëm de Moundkrater Giordano Bruno

E Stralesystem ass an der Astronomie eng Gruppéierung opfälleger, als Strale bezeechent Sträife, déi am typesche Fall radial ëm een am Zentrum geleeënen Aschlagkrater, ee sougenannte Stralekrater, ze fanne sinn.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Stralesystemer sinn haaptsächlech vum Äerdmound bekannt. D'Strale gesinn aus wéi Sprëtzspuere a sinn dacks méi hell wéi d'Ëmgéigend. Am opfällegste sinn si bei héijem Sonnestand an oder senkrechter Bléckrichtung – vun der Äerd aus bei Vollmound – wann am Géigesaz dozou d'Ëmrëss vun de Krater an aner Eenzelheeten am Liicht verschwammen. Bei säitlecher Beliichtung werfen d'stralefërmeg Sträifen keng Schieder, deemno hu si kee Relief. D'Strale si bis zu etleche Kilometer breet an erstrecken sech riicht oder och gekrëmmt bis e puer honnert Kilometer iwwer Bierg an Dall. Si duerchlafe Héichlänner an Déiften dacks ouni Differenzen oder Ënnerbriechunge. Mat der Distanz ginn d'Stralen ëmmer méi dënn bis si komplett verschonne sinn.

D'Existenz vun de Strale gëtt mam polveriséiertem Material erkläert, dat bei der Kraterentstéiung duerch e groussen Aschlag erausgeworf gouf; oder awer och mat glasaartege Partikelen, zu deenen sech dat duerch déi grouss Energie vum Aschlag verdampte Gestengs sech nees verfestegt hat, an déi fir déi staark Reflexiounsfäegkeet verantwortlech sinn.

Op der viischter Äerdmoundsäit falen virun allem déi grouss Stralesystemer ëm d'Moundkratere Tycho (ënne lénks) an ëm de Copernicus (lénks Mëtt) op

Déi relativ wéineg an dacks zentral Stralekratere hunn an aller Reegel eng ähnlech héich Albedo a si vun zimlech reegelméisseger Gestalt. Et gëtt ugeholl, datt déi hell Substanz d'Sonneliicht ëmsou méi staark reflektéiert ginn, wat méi kuerz seng Existenz den Deelercher vum Sonnewandes, der kosmescher Deelchenstralung souwéi dem Befall vu Mikrometeoritten ausgesat war. Déi kleng Zuel vu grousse Stralesystemer gëtt op eng noloossend Heefegkeet vu groussen Aschléi zréckgefouert. Déi meescht Moundkrater hu keng Radialsträifen.

Dat gréisste Stralesystem um Äerdmound huet de 85 Kilometer grousse Krater Tycho. Seng hell Radialsträife reeche bis op eng Distanz vu bal 1800 Kilometer. Weider bekannt Stralekrater um Mound sinn de Copernicus, de Kepler, den Aristarchus an de Proclus.

Och op anere Himmelskierper am Sonnesystem huet ee Stralekrater fonnt, wéi zum Beispill op dem Planéit Merkur souwéi bei de grousse Mounde vum Jupiter um Europa, Ganymed a Kallisto. Op Himmelskierper mat enger dichter Atmosphär wéi d'Venus oder och mit enger sou dënner Atmodphät wéi de Mars ginn esou Radialstrukture duerch d'Erosioun vill méi séier nees ausgeläscht.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

  • Reiner Gamma
  • Literatur[änneren | Quelltext änneren]

    Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

    Commons: Strahlensysteme – Biller, Videoen oder Audiodateien