Kallisto (Mound)

Vu Wikipedia
Kallisto
(Jupiter IV)
Jupitermound Kallisto, opgeholl
vun der Raumsond Galileo am Mee 2001.
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 1.882.700 km
Periapsis 1.869.500 km
Apoapsis 1.895.800 km
Exzentrizitéit 0,007
Ëmlafzäit 16,689 Deeg
Ëmlafvitess 8,20 km/s
Inklinatioun 0,51°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 4820,6 km
Dicht 1,830 g/cm3
Albedo 0,19
Visuell Magnitude (mag) 5,7
Entdeckung
Entdecker Galileo Galilei
Entdeckungsdatum 7. Januar 1610


De Kallisto (vum algriicheschen Numm Kálliste "déi Schéinst" = Kallisto, eng Fra vum Zeus) (och Jupiter IV oder Callisto genannt) ass mat engem Duerchmiesser vu 4.821 km den zweetgréissten a baussenzegste vun de véier grousse Mounde vum Planéit Jupiter an den drëttgréisste Mound am Sonnesystem.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Entdeckung vum Kallisto gëtt dem italieenesche Geléierte Galileo Galilei zougeschriwwen, deen am Joer 1610 säin einfacht Teleskop op de Jupiter geriicht hat. Déi véier grouss Mounden Io, Europa, Ganymed a Kallisto ginn och als Galiléiesch Mounde bezeechent.

Den Numm Kallisto gouf vum Simon Marius scho kuerz no senger Entdeckung virgeschloen, konnt sech awer iwwer laang Zäit net duerchsetzen. Eréischt an der Mëtt vum 20. Joerhonnert koum den Numm nees a Gebrauch. Virdru goufen d'Mounden nëmme mat réimeschen Zifferen nummeréiert an de Kallisto mat Jupitermound IV bezeechent, well d'Nummeréierung ufanks no der Gréisst vun der Ëmlafbunn gemaach gouf.

Déi Galiléiesch Mounde si sou hell, datt ee se scho mat engem klengen Teleskop ka gesinn.

Ëmlafbunn a Rotatioun[änneren | Quelltext änneren]

De Mound Kallisto kreest ëm de Jupiter op enger mëttlerer Distanz vun 1.833.000 km a 16 Deeg 16 Stonnen an 32,2 Minutten. D'Bunn weist eng Exzentrizitéit vun 0,007 op an ass 0,51° géigeniwwer dem Equatorplang vum Jupiter gebéit.

Als de baussenzegste Galiléiesche Mound ass de Kallisto vun der Ëmlafbunn vum nächstbannenzegen a méi grousse Ganymed iwwer 800.000 km ewech. Am Verhältnes zu der Ëmlafzäit vum Ganymed beweegt sech Kallisto an enger 3:7 Bunnresonanz, am Ënnerscheed zu den 1:2 Resonanzen tëscht den dräi bannenzege grousse Nopeschmounden.

De Mound Kallisto rotéiert och a 16 Deeg 16 Stonnen a 32,2 Minutten ëm déi eegen Achs an huet domat, wéi den Äerdmound an déi aner bannenzeg Jupitermounden, eng gebonne Rotatioun.

Physikalesch Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

De Kallisto huet e mëttleren Duerchmiesser vu 4.821 km an ass domat bal geneesou grouss wéi de Planéit Merkur (4.878 km). Seng Dicht ass mat ongeféier 1,83 g/cm3 eppes méi kleng wéi déi vum Ganymed, awer däitlech méi kleng wéi déi vun de béiden anere Galiléiesche Mounden Europa an Io.

De Mound huet eng ganz donkel Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,2. Dat heescht nëmmen 20 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. D'Uewerflächentemperatur ass am Schnëtt -139 Grad Celsius.

Uewerflächestrukturen[änneren | Quelltext änneren]

De Krater Valhalla, opgeholl vum Voyager 1, 1979.

De Kallisto huet déi héchst Dicht vun Impaktkrateren am ganze Sonnesystem. Krater a rankfërmeg Strukture sinn iwwer d'ganz Uewerfläch; gréisser Biergzich sinn net observéiert ginn. Dat léisst drop schléissen, datt d'Uewerfläch vum Kallisto meeschtens aus Waasseräis zesummegesat ass. D'Äiskuuscht huet iwwer geologesch Zäitraim ewech noginn.

D'Regioun ëm d'Aschlagsbecken Asgard, opgeholl vun der Raumsond Galileo.

Zwéi riseg Aschlagkratere mat hire Rankbierger, sinn déi opfällegst Strukturen um Kallisto. De gréisste Krater, Valhalla, huet en Duerchmiesser vu 600 km, eng hell Zentralregioun a Réng, déi sech iwwer 3.000 km ausdeenen. De Krater Asgard deent sech am Ganzen iwwer 1.600 km aus. Eng aner interessant Struktur ass d'Gipul Catena, eng Kette vun Impaktkrateren, déi als riicht Linn iwwer d'Uewerfläch verleeft. Verursaacht gouf d'Struktur méiglecherweis vun engem Koméit.

D'Uewerfläch vum Kallisto gëtt op 4 Milliarde Joer datéiert. Si war zanter der Fréizäit vum Entstoe vum Sonnesystem kenge gréissere Verännerungen ënnerworf, wat bedeit, datt de Mound zanter där Zäit geologesch net méi aktiv war. Anescht wéi de Ganymed mat senger opfälleger Uewerfläch weist de Kallisto keng Unzeeche vu Plackentektonik op. Hir geologesch Entwécklung war warscheinlech wiesentlech méi einfach verlaf, respektiv no relativ kuerzer Zäit ofgeschloss, wärend an den iwwerege Galileiesche Mounde méi komplex Virgäng geschitt waren.

Déi siichtbar Uewerfläch läit op enger Äisschicht, déi eng geschaten Déckt vun 200 km huet. Dorënner ass méiglecherweis en 10 km déiwen Ozean aus flëssegem Salzwaasser, wourop magnetesch Miessunge vun der Raumsond Galileo hiweisen. E weidert Indiz fir flëssegt Waasser ass d'Tatsaach, datt op der géigeniwwerleiender Säit vum Krater Valhalla keng Bréch a Verwerfungen ze gesi sinn, wéi si op massive Kierper, wéi dem Äerdmound oder dem Planéit Merkur observéiert konnte ginn. Eng flësseg Waasserschicht hat warscheinlech d'seismesch Schockwelle amortisséiert, ier se sech duerch de Mondkär beweegt hunn.

Bannenzegen Opbau[änneren | Quelltext änneren]

Bannenzegen Opbau vum Kallisto: dat Bannenzegt besteet aus Äis a Gestengs, driwwer e méiglechen Ozean, op der Uewerfläch ass eng Äisschicht.

Dat Bannenzegt vum Kallisto ass deemno aus ronn 60 % silikateschem Gestengs a 40 % Waasseräis opgebaut, woubäi mat zouhuelender Déift de Silikatundeel klëmmt. Vun der Zesummesetzung hier gläicht de Kallisto dem Saturnmound Titan an dem Neptunmound Triton. Seng Mass ass trotz senger Gréisst nëmme knapps en Drëttel vun der Merkurmass an ass ongeféier 30 % méi grouss wéi d'Mass vum Äerdmound.

Atmosphär[änneren | Quelltext änneren]

Aktuell Observatioune weisen drop hin, datt de Kallisto eng ganz dënn Atmosphär aus Kuelestoffdioxid huet.

Magnéitfeld[änneren | Quelltext änneren]

D'Sond Galileo hat bei hire Laanschtflich e schwaacht Magnéitfeld beim Kallisto gemooss, deem seng Stäerkt variéiert, wärend sech de Mound duerch déi extreem staark Magnetosphär vum Jupiter beweegt. Dat deit op d'Existenz vun enger elektresch leedender Flëssegkeet, wéi Salzwaasser, ënner der Äiskuuscht vum Kallisto hin.

Erfuerschung duerch Sondemissiounen[änneren | Quelltext änneren]

D'Erfuerschung vum Kallisto duerch Raumsonden hat an de Joren 1973 an 1974 mat de Jupiter-Laanschtflich vu Pioneer 10 a Pioneer 11 ugefaangen. 1979 konnte Voyager 1 a Voyager 2 fir d'éischt genee Observatioune vum Mound maachen. De gréissten Deel vun eisem Wëssen iwwer de Kallisto staamt awer vum Galileo-Orbiter, deen 1995 d'Jupitersystem erreecht hat a wärend den aacht Joer duerno en ettlech Laanschtflich beim Jupitermound gemaach hat. Fir d'Joer 2020 hunn d'Raumfaartagenturen NASA an ESA déi kollektiv Europa Jupiter System Missioun/Laplace virgeschloen, déi op d'mannst zwéin Orbiter virgesinn huet, déi jee an en Orbit ëm d'Mounden Europa a Ganymed antrieden an dat ganzt Jupitersystem erfuersche sollen.

D'NASA, déi de JEO baue wollt, ass aus dem Projet erausgeklomm. D'ESA verwierklecht awer de JGO mat liicht geännerter Missioun wéi JUICE. JUICE soll no hirem Zil beim Jupiter am Joer 2030 an zwéi Laanschtflich bei Europa an 12 Laanschtflich bei Kallisto 2032 an en Orbit ëm de Ganymed aschwenken[1]. Well d'NASA Sond entfällt, goufen déi béid Europa Laanschtflich an de Missiounsplang fir JUICE opgeholl.

Méiglech bemannt Missiounen[änneren | Quelltext änneren]

Spéitstens zanter den 1980er Jore gëllt de Kallisto als méiglecht Zil vun der bemannter Raumfaart fir déi Zät no engem bemannte Marsfluch, well e baussenzeg vun der Jupiterstralenceinture läit.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kallisto – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Callisto am Gazetteer of Planetary Nomenclature vun der IAU/USGS

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. JUICE Assessment Study Report, vom Dezember 2011 (Yellow Book), Abgerufen: 9. September 2012 (PDF; 39,7 MB)
  2. James Oberg: Where are the Russians Headed Next? Erschienen in Popular Mechanics, Oktober 1982, S. 183