Eurydome (Mound)
|
| |
| Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2001 J 4 |
|---|---|
| Zentralkierper | Jupiter |
| Eegenschafte vum Orbit | |
| Grouss Hallefachs | 22.865.000 km |
| Periapsis | 16.554.300 km |
| Apoapsis | 29.175.700 km |
| Exzentrizitéit | 0,276 |
| Ëmlafzäit | 717,3 Deeg |
| Ëmlafvitess | 2,32 km/s |
| Inklinatioun | 150,3° |
| Physikalesch Donnéeën | |
| Mëttleren Duerchmiesser | 4 km |
| Dicht | ? g/cm3 |
| Gravitatioun op der Uewerfläch | ? m/s2 |
| Albedo | 0,04 |
| Visuell Magnitude (mag) | 22,7 |
| Entdeckung | |
| Entdecker | IFA Hawaii |
| Entdeckungsdatum | 9. Dezember 2001 |
Den Eurydome (oder Jupiter XXXII) ass ee vun de klenge baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]Den Eurydome gouf den 9. Dezember 2001 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Déi virleefeg Bezeechnung war S/2001 J 4.
De Mound gouf no der Eurydome, enger vun de Chariten aus der griichescher Mythologie genannt.
Bunndaten
[änneren | Quelltext änneren]De Mound Eurydome kreest a 717 Deeg a 7 Stonnen op enger mëttlerer Distanz vun 22.865.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,276. Mat enger Inklinatioun vun 150,3° ass d'Bunn retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Eurydome zu der Pasiphae-Grupp gerechent, genannt nom Jupitermound Pasiphae. Den Eurydome ass de bannenzegste Member vun der Grupp.
Physikalesch Daten
[änneren | Quelltext änneren]Den Eurydome huet an der Moyenne en Duerchmiesser vun zirka 3 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. De Mound ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut. Den Eurydome huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 22,7m.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- MPEC 2002-J54: Eleven new Satellites of Jupiter 15. Mee 2002 (Entdeckung)
- MPEC 2003-A21: S/2001 J 4 4. Januar 2003 (Zeréckentdeckung)