Arche (Mound)
|
| |
| Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2002 J 1 |
|---|---|
| Zentralkierper | Jupiter |
| Eegenschafte vum Orbit | |
| Grouss Hallefachs | 22.931.000 km |
| Periapsis | 16.992.000 km |
| Apoapsis | 28.870.000 km |
| Exzentrizitéit | 0,2588 |
| Ëmlafzäit | 723,9 Deeg |
| Ëmlafvitess | 2,30 km/s |
| Inklinatioun | 165,0° |
| Physikalesch Donnéeën | |
| Mëttleren Duerchmiesser | ~ 3 km |
| Dicht | 2,6 g/cm3 |
| Gravitatioun op der Uewerfläch | ? m/s2 |
| Albedo | 0,04 |
| Visuell Magnitude (mag) | 22,8 |
| Entdeckung | |
| Entdecker | IFA Hawaii |
| Entdeckungsdatum | 31. Oktober 2002 |
Den Arche (oder Jupiter XLIII) ass e klenge Mound vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]Astronome vun der Universitéit vun Hawaii hunn den Objet den 31. Oktober 2002 entdeckt. Hie krut deen Ament d'Nummer S/2002 J 1. Säin offiziellen Numm Arche huet de Mound den 30. Mäerz 2005 vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) kritt.
De Mound gouf no der Arche genannt, enger titanescher Mus.
Bunndaten
[änneren | Quelltext änneren]Den Arche kreest a 723 Deeg, 22 Stonnen a 36 Minutten op enger mëttlerer Distanz vun 22.931.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2588. Mat enger Schréi vun 165,001° ass d'Bunn retrograd, d. h., de Mound leeft géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
De Mound Arche gehéiert zu der Carme-Grupp well hien änlech Eegenschaften huet wéi de Jupitermound Carme.
Physikalesch Daten
[änneren | Quelltext änneren]Den Arche huet en Duerchmiesser vu ronn 3 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass méiglecherweis aus Silikatgestengs opgebaut. Seng Uewerfläch ass däischter a seng Albedo ass 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 22,8m.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- MPEC 2002-Y22: S/2002 J 1 18. Dezember 2002 (Entdeckung)
- MPEC 2004-D43: S/2002 J 1 27. Februar 2004 (Zeréckentdeckung)