Pasiphae (Mound)

Vu Wikipedia
Pasiphae
(Jupiter VIII)
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 23.624.000 km
Periapsis 13.962.000 km
Apoapsis 33.286.000 km
Exzentrizitéit 0,4090
Ëmlafzäit 708 Deeg
Ëmlafvitess 2,31 km/s
Inklinatioun 151,431°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 56km
Dicht 2,6 (?)
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 17,0
Entdeckung
Entdecker P. J. Melotte
Entdeckungsdatum 27. Januar 1908


De Pasiphae oder Jupiter VIII ass ee vun de baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De Pasiphae gouf de 27. Januar 1908 vum Astronom Philibert Jacques Melotte entdeckt. De Mound gouf op fotografesche Placke fonnt, déi an der Nuecht vum 28. Februar 1908 am Royal Greenwich Observatory (England) beliicht goufen. Ënnersich vun anere Placken hu gewisen, datt den Objet schonn de 27. Januar opgeholl gi war. Well et am Ufank net kloer war, ob et sech ëm en Asteroid oder e Mound handele géif, krut hien déi virleefeg Asteroidebezeechnung 1908 CJ. Den 10. Abrëll konnt schliisslech d'Entdeckung vun engem aachte Mound beim Jupiter bestätegt ginn.

De Mound gouf no der Pasiphae, der Fra vum Minos a Mamm vum Minotaurus aus der griichescher Mythologie genannt. Den offiziellen Numm krut de Mound am Joer 1975, virdrun gouf hien als Jupitermond VIII gefouert. Nom Pasiphae gëtt eng Grupp vu Jupitermounde genannt, déi sech op änleche Bunne beweegen. D'Pasiphae-Grupp besteet aus dräizéng Memberen, woubäi de Pasiphae dee gréissten ass.

Bunndaten[änneren | Quelltext änneren]

De Pasiphae kreest ëm de Jupiter an engem mëttleren Ofstand vun 23.624.000 km a 743 Deeg, 15 Stonnen a 7 Minutten. D'Bunn weist eng staark Exzentrizitéit vun 0,4090 op. Mat enger Schréi vun 151,431° ass d'Bunn retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Physikalesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

De Pasiphae huet e mëttleren Duerchmiesser vu ronn 60 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. De Mound ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut. De Pasiphae huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04. Seng visuell Magnitude ass 17,0m. D'Temperatur op der Uewerfläch huet an der Moyenne -102 °C.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]