Aitne (Mound)
|
| |
| Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2001 J 11 |
|---|---|
| Zentralkierper | Jupiter |
| Eegenschafte vum Orbit | |
| Grouss Hallefachs | 23.229.000 km |
| Periapsis | 15.870.053 km |
| Apoapsis | 30.587.947 km |
| Exzentrizitéit | 0,3168 |
| Ëmlafzäit | 730,18 Deeg |
| Ëmlafvitess | 2,31 km/s |
| Inklinatioun | 165,091° |
| Physikalesch Donnéeën | |
| Mëttleren Duerchmiesser | ≈ 3 km |
| Albedo | 0,04 |
| Visuell Magnitude (mag) | 22,7 |
| Entdeckung | |
| Entdecker | IFA Hawaii |
| Entdeckungsdatum | 9. Dezember 2001 |
Den Aitne (och Jupiter XXXI) ass ee vun de klenge baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]Den Aitne gouf den 9. Dezember 2001 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Hie krut déi virleefeg Bezeechnung S/2001 J 11.
De Mound gouf no der Gëttin Aitne aus der griichescher Mythologie genannt.
Bunndonnéeën
[änneren | Quelltext änneren]Den Aitne kreest a 730 Deeg, 4 Stonnen an 19 Minutten op enger mëtteler Distanz vun 23.229.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2643. Mat enger Schréi vun 165,091° ass d'Bunn retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Duerch seng Bunneegenschafte gëtt de Mound Aitne der Carme-Grupp, genannt nom Jupitermound Carme, zougeschriwwen.
Physikalesch Donnéeën
[änneren | Quelltext änneren]Den Aitne huet e mëttleren Duerchmiesser vu ronn 3 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hie besteet warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs. Den Aitne huet eng ganz däischter Uewerfläch an eng Albedo vun 0,04.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- MPEC 2002-J54: Eleven new Satellites of Jupiter 15. Mee 2002 (Entdeckung)
- MPEC 2002-V18: S/2001 J 11 4. November 2002 (Wiederentdeckung)