Leda (Mound)

Vu Wikipedia
Leda
(Jupiter XIII)
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 11.165.000 km
Periapsis 9.338.000 km
Apoapsis 12.992.000 km
Exzentrizitéit 0,1636
Ëmlafzäit 240,92 Deeg
Ëmlafvitess 3,35 km/s
Inklinatioun 27,457°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 20 km
Dicht 2,6 g/cm3
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 19,5
Entdeckung
Entdecker Charles Kowal
Entdeckungsdatum 11. September 1974


De Leda (och Jupiter XIII) ass ee vun de klenge Mounde vum Planéit Jupiter.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De Leda gouf de 14. September 1974 vum Astronom Charles Thomas Kowal op fotografesche Placken entdeckt, déi dräi Deeg virdrun am Palomar-Observatoire beliicht goufen. Als offiziellen Datum vun der Entdeckung gëtt dofir den 11. September 1974 uginn.

De Mound gouf no der Leda, enger Frëndin vum Zeus aus der griichescher Mythologie, genannt.

Bunndonnéeën[änneren | Quelltext änneren]

De Mound Leda ëmkreest de Jupiter op engem mëttleren Ofstand vun 11.165.000 km a ronn 240 Deeg an 12 Stonnen. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,15 an ass mat 27,5° staark géigeniwwer dem lokale Laplace-Plang, gebéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt hien zu der Himalia-Grupp, genannt nom Jupitermound Himalia, gezielt.

Physikalesch Donnéeën[änneren | Quelltext änneren]

De Leda huet e mëttleren Duerchmiesser vun nëmmen 20 km. D'Dicht ass mat 2,6 g/cm³ relativ héich, wat drop hiweist, datt hien haaptsächlech aus Silikatgestengs besteet. Seng Uewerfläch ass ganz donkel an hien huet eng Albedo vun 0,04. Déi visuell Magnitude ass 19,5m.