Taygete (Mound)
|
| |
| Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2000 J 9 |
|---|---|
| Zentralkierper | Jupiter |
| Eegenschafte vum Orbit | |
| Grouss Hallefachs | 23.360.000 km |
| Periapsis | 17.473.300 km |
| Apoapsis | 29.246.700 km |
| Exzentrizitéit | 0,252 |
| Ëmlafzäit | 732,2 Deeg |
| Ëmlafvitess | 2,32 km/s |
| Inklinatioun | 165,2° |
| Physikalesch Donnéeën | |
| Mëttleren Duerchmiesser | 5 km |
| Dicht | 2,6 g/cm3 |
| Albedo | 0,04 |
| Visuell Magnitude (mag) | 21,9 |
| Entdeckung | |
| Entdecker | IFA Hawaii |
| Entdeckungsdatum | 25. November 2000 |
De Mound Taygete (Jupitermound XX) ass ee vun de klenge baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]Den Taygete gouf de 25. November 2000 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Hie krut am Ufank déi virleefeg Bezeechnung S/2000 J 9.
De Mound gouf no der Taygete, enger vun de Plejaden a Frëndin vum Zeus aus der griichescher Mythologie genannt.
Bunndaten
[änneren | Quelltext änneren]De Mound Taygete kreest a 732 Deeg a 5 Stonnen op enger mëttlerer Distanz vun 23.360.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,252. Mat enger Inklinatioun vun 165,2° ass d'Bunn retrograd, dat heescht, de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Taygete zu der Carme-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Carme.
Physikalesch Daten
[änneren | Quelltext änneren]Den Taygete huet en Duerchmiesser vun zirka 5 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut. De Mound huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 21,9m.