S/2003 J 4

Vu Wikipedia
S/2003 J 4
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2003 J 4
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 23.257.920 km
Periapsis 18.513.304 km
Apoapsis 28.002.536 km
Exzentrizitéit 0,204
Ëmlafzäit 723,2 Deeg
Ëmlafvitess 2,34 km/s
Inklinatioun 144,9°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser ≈ 2 km
Dicht 2,6 g/cm3
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 23
Entdeckung
Entdecker Universitéit vun Hawaii
Entdeckungsdatum 5. Februar 2003


Den S/2003 J 4 ass ee vun de klengste Mounde vum Planéit Jupiter.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

Den S/2003 J 4 gouf de 5. Februar 2003 vun Astronome vun der Universitéit Hawaii entdeckt. De Mound huet nach keen offiziellen Numm. Bei de Jupitermounden sinn et an der Reegel weiblech Gestalten aus der griichescher Mythologie. Den Numm gëtt normalerweis vun der I.A.U. festgehalen. Am Ament gëtt de Mound mat der Nummer S/2003 J 4 bezeechent.

Bunndaten[änneren | Quelltext änneren]

Den S/2003 J 3 kreest ëm de Jupiter op enger mëttlerer Distanz vun 23.930.000 km an 755 Deeg. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,3618. Mat enger Bunnschréi vun 149,581° ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den S/2003 J 4 zu der Pasiphae -Grupp, genannt nom Jupitermound Pasiphae, gerechent.

Physikalesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

Den S/2003 J 4 huet en Duerchmiesser vun zirka 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hie besteet méiglecherweis haaptsächlech aus silikateschem Gestengs. Seng Uewerfläch ass ganz däischter a seng Albedo ass 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestralten Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 23,0m.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]