Pasiphae-Grupp

Vu Wikipedia

D'Pasiphae-Grupp ass eng Grupp vu Mounde vum Planéit Jupiter, déi sech op änleche Bunne beweegen.

Déi grouss Hallefachsen vun hire Bunne verlafen dobäi tëscht 22,8 a 24,1 Millioune km, an hunn eng Exzentrizitéite tëscht 0,25 an 0,43 souwéi eng Inklinatioune tëscht 144,5° an 158,3°, woubäi d'Mounde sech retrograd, d. h. géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter, beweegen.

Déi 13 Membere vun der Grupp, no hirer Distanz vum Jupiter zortéiert, sinn:

Anescht wéi bei den anere retrograde Gruppe vu Jupitermounden, d'Ananke-Grupp an d'Carme-Grupp, sinn d'Bunnschréie vun der Pasiphae-Grupp relativ ënnerschiddlech. Warscheinlech handelt et sech ëm eng eeler Grupp, bei där d'Bunne vun de Memberen iwwer ganz laang Zäitraim ewech gravitativ gestéiert goufen.

D'International Astronomesch Unioun (IAU) vergëtt fir déi retrograd Mounde vum Jupiter d'Nimm mat der Endung e.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie