Pasithee (Mound)
|
De Jupitermound Pasithee an enger kënschtlerescher Animatioun am Computer-Programm Celestia. | |
| Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2001 J 6 |
|---|---|
| Zentralkierper | Jupiter |
| Eegenschafte vum Orbit | |
| Grouss Hallefachs | 23.096.000 km |
| Periapsis | 16.929.000 km |
| Apoapsis | 29.263.000 km |
| Exzentrizitéit | 0,267 |
| Ëmlafzäit | 719,44 Deeg |
| Ëmlafvitess | 2,33 km/s |
| Inklinatioun | 165,138° |
| Physikalesch Donnéeën | |
| Mëttleren Duerchmiesser | ≈ 2 km |
| Dicht | 2,6 g/cm3 |
| Gravitatioun op der Uewerfläch | ? m/s2 |
| Albedo | 0,04 |
| Visuell Magnitude (mag) | 23,2 |
| Entdeckung | |
| Entdecker | IFA Hawaii |
| Entdeckungsdatum | 11. Dezember 2001 |
De Mound Pasithee (oder Jupiter XXXVIII) ass ee vun de klenge baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]De Pasithee gouf den 11. Dezember 2001 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Hie krut am Ufank déi virleefeg Bezeechnung S/2001 J 6.
De Mound gouf no der Pasithea, enger vun de Chariten aus der griichescher Mythologie genannt.
Bunndaten
[änneren | Quelltext änneren]De Mound Pasithee kreest a 719 Deeg, 10 Stonnen a 34 Minutten op enger mëttlerer Distanz vun 23.004.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2675. Mat enger Inklinatioun vun 165,138° ass d'Bunn retrograd, dat heeschtt, de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt de Pasithee zu der Carme-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Carme.
Physikalesch Daten
[änneren | Quelltext änneren]De Pasithee huet an der Moyenne en Duerchmiesser vun zirka 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hie besteet warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestein an huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 23,2m.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- MPEC 2002-J54: Eleven new Satellites of Jupiter 15. Mee 2002 (Entdeckung)
- MPEC 2003-F59: S/2001 J 6 29. Mäerz 2003 (Zeréckentdeckung)