Eupheme (Mound)

Vu Wikipedia
Eupheme
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2003 J 3
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 20.224.000 km
Periapsis 16.242.000 km
Apoapsis 24.206.000 km
Exzentrizitéit 0,1969
Ëmlafzäit 583,88 Deeg
Ëmlafvitess 2,49 km/s
Inklinatioun 147,541°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser ≈ 2 km
Dicht 2,6 g/cm3
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 23,4
Entdeckung
Entdecker Universitéit vun Hawaii
Entdeckungsdatum 5. Februar 2003


De Mound Eupheme (och alt Jupiter LX) ass ee vun de klengste Mounde vum Planéit Jupiter.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

E gouf de 5. Februar 2003 vun Astronome vun der Universitéit Hawaii entdeckt. Bei de Jupitermounde sinn et an der Reegel weiblech Gestalten aus der griichescher Mythologie. Den Numm gëtt normalerweis vun der I.A.U. festgehalen. Bis am August 2019 gouf de Mound mat der Nummer S/2003 J 3 bezeechent.

Den 23. August 2019 gouf e vun der IAU an Eupheme ëmgenannt, enger Figur aus der griichescher Mythologie.

Bunndaten[änneren | Quelltext änneren]

Den Eupheme ëmkreest de Jupiter op enger mëttlerer Distanz vun 20.224.000 km an 583,88 Deeg. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,1969. Mat enger Bunnschréi vun 147,5° géint de lokale Laplace-Plang ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den S/2003 J 3 zu der Ananke-Grupp, genannt nom Jupitermound Ananke, gerechent.

Physikalesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

Den Eupheme huet en Duerchmiesser vun zirka 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hie besteet méiglecherweis haaptsächlech aus silikateschem Gestengs. Seng Uewerfläch ass ganz däischter a seng Albedo ass 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestralten Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 23,4m.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]