Megaclite (Mound)
|
| |
| Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2000 J 8 |
|---|---|
| Zentralkierper | Jupiter |
| Eegenschafte vum Orbit | |
| Grouss Hallefachs | 23.806.000 km |
| Periapsis | 13.783.700 km |
| Apoapsis | 33.828.300 km |
| Exzentrizitéit | 0,421 |
| Ëmlafzäit | 752,8 Deeg |
| Ëmlafvitess | 2,30 km/s |
| Inklinatioun | 152,8° |
| Physikalesch Donnéeën | |
| Mëttleren Duerchmiesser | 5 km |
| Dicht | 2,6 g/cm3 |
| Gravitatioun op der Uewerfläch | ? m/s2 |
| Albedo | 0,04 |
| Visuell Magnitude (mag) | 21,7 |
| Entdeckung | |
| Entdecker | IFA Hawaii |
| Entdeckungsdatum | 25. November 2000 |
De Megaclite (oder Jupiter XIX) ass ee vun de klenge baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]De Megaclite gouf de 25. November 2000 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Seng Bezeechnung war am Ufank S/2000 J 8.
De Mound gouf no der Megaclite, enger Frëndin vum Zeus aus der griichescher Mythologie genannt.
Bunndaten
[änneren | Quelltext änneren]De Megaclite kreest a 752 Deeg an 19 Stonnen op enger mëttlerer Distanz vun 23.806.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,421. Mat enger Schréi vun 152,8° ass seng Bunn retrograd, dat heescht, de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt de Megaclite zu der Pasiphae-Grupp, genannt nom Jupitermound Pasiphae, gerechent.
Physikalesch Daten
[änneren | Quelltext änneren]De Megaclite huet en Duerchmiesser vun zirka 5 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hie besteet warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs. De Megaclite huet eng ganz däischter Uewerfläch an eng Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng Visuell Magnitude ass 21,7m.