Sponde (Mound)
|
| |
| Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2001 J 5 |
|---|---|
| Zentralkierper | Jupiter |
| Eegenschafte vum Orbit | |
| Grouss Hallefachs | 23.487.000 km |
| Periapsis | 16.159.000 km |
| Apoapsis | 30.815.000 km |
| Exzentrizitéit | 0,3121 |
| Ëmlafzäit | 748,34 Deeg |
| Ëmlafvitess | 2,28 km/s |
| Inklinatioun | 151,00° |
| Physikalesch Donnéeën | |
| Mëttleren Duerchmiesser | 2 km |
| Dicht | 2,6 g/cm3 |
| Albedo | 0,04 |
| Visuell Magnitude (mag) | 23,0 |
| Entdeckung | |
| Entdecker | IFA Hawaii |
| Entdeckungsdatum | 9. Dezember 2001 |
De Sponde (Jupitermound XXXVI) ass ee vun de klenge baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]De Sponde gouf den 9. Dezember 2001 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Hie krut am Ufank déi virleefeg Bezeechnung S/2001 J 5.
De Mound gouf no der Sponde, enger Gëttin aus der Griichescher Mythologie genannt.
Bunndaten
[änneren | Quelltext änneren]De Mound Sponde kreest op enger mëttlerer Distanz vun 23.487.000 km an der Zäit vu 748 Deeg, 8 Stonnen an 10 Minutten ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,3121. Mat enger Inklinatioun vun 150,998° ass d'Bunn retrograd, dat heescht, de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt de Sponde zu der Pasiphae-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Pasiphae.
Physikalesch Daten
[änneren | Quelltext änneren]De Sponde huet e mëttleren Duerchmiesser vun zirka 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hie besteet méiglecherweis haaptsächlech aus Silikatgestengs. De Sponde huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 23,0m.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- MPEC 2002-J54: Eleven new Satellites of Jupiter 15. Mee 2002 (Entdeckung)
- MPEC 2003-E05: S/2001 J 5 1. Mäerz 2003 (Zeréckentdeckung)