Kalyke (Mound)

Vu Wikipedia
XXIII Kalyke
(Jupiter XXIII)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2000 J 2
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 23.583.000 km
Periapsis 17.805.200 km
Apoapsis 26.010.800 km
Exzentrizitéit 0,245
Ëmlafzäit 743,0 Deeg
Ëmlafvitess 2,31 km/s
Inklinatioun 165,2°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 5 km
Dicht 2,6 g/cm3
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 21,8
Entdeckung
Entdecker IFA Hawaii
Entdeckungsdatum 23. November 2000


De Mound Kalyke (oder Jupiter XXIII) ass ee vun de klenge baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De Kalyke gouf den 23. November 2000 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt a krut am Ufank déi virleefeg Bezeechnung S/2000 J 2.

De Mound gouf no der Kalyke, enger Frëndin vum Zeus aus der griichescher Mythologie, genannt.

Bunndaten[änneren | Quelltext änneren]

De Kalyke kreest a 743 Deeg op enger mëttlerer Distanz vun 23.583.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,245. Mat enger Inklinatioun vun 165,2° ass d'Bunn retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt de Kalyke zu der Carme-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Carme.

Physikalesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

De Kalyke huet en Duerchmiesser vun zirka 5 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs. De Mound huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 21,8m.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]