Praxidike (Mound)

Vu Wikipedia
Praxidike
(Jupiter XXVII)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2000 J 7
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 21.147.000 km
Periapsis 16.283.200 km
Apoapsis 26.010.800 km
Exzentrizitéit 0,230
Ëmlafzäit 625,3 Deeg
Ëmlafvitess 2,46 km/s
Inklinatioun 149,0°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 7 km
Dicht 2,6 g/cm3
Gravitatioun
op der Uewerfläch
? m/s2
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 21,2
Entdeckung
Entdecker IFA Hawaii
Entdeckungsdatum 23. November 2000


De Mound Praxidike (oder Jupiter XXVII) ass ee vun de klenge baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De Praxidike gouf den 23. November 2000 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Hie krut ufanks déi virleefeg Bezeechnung S/2000 J 7.

De Mound gouf no der Praxidike, enger Frëndin vum Zeus aus der griichescher Mythologie genannt.

Bunndaten[änneren | Quelltext änneren]

De Praxidike kreest a 625 Deeg a 7 Stonnen, op enger mëttlerer Distanz vun 21.147.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,230. Mat enger Inklinatioun vun 149,0° géint de lokale Laplace-Plang ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt de Praxidike zu der Ananke-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Ananke.

Physikalesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

De Praxidike huet en Duerchmiesser mat an der Moyenne 7 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut. De Praxidike huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h. nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Déi visuell Magnitude ass 21,2m.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]