Carme-Grupp
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen

Diagramm an deem d'Bunnhallefachse vun de baussenzege Jupitermounden (an Mio. km, horizontal Achs) géint hir Bunnschréiegt (an °, Hallefbéi) ofgedroe ginn. D'Gréisste vun de roude Kreesser sollen nëmmen déi relativ Moundradien illustréieren a sinn net moossstäflech zu de Bunnelementen. Déi giel Linne stellen de Spillraum tëscht dem Jupiternächsten respektiv -wäitste Punkt vun der jeeweileger Moundëmlafbunn duer. De Mound Kallisto ass als Referenzgréisst uginn
D'Carme-Grupp ass eng Grupp vu Mounde vum Planéit Jupiter, déi sech op änleche Bunne beweegen.
Déi grouss Hallefachse vun hire Bunne verlafen dobäi tëscht 22,9 an 24,1 Millioune km an hunn (mat enger Ausnam) Exzentrizitéiten tëscht 0,21 an 0,27 souwéi Bunnschréiegten tëscht 164,9° an 165,5° géint de lokale Laplace-Plang, dee graff mam Bunnplang vum Jupiter zesummefält, op. D'Mounde beweege sech retrograd ëm de Planéit, dat heescht géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter.
Déi 17 Membere vun der Grupp sinn (vum Jupiter aus gesinn):
- Herse
- S/2003 J 10
- Pasithee
- Chaldene
- Arche
- Isonoe
- Erinome
- Kale
- Aitne
- Taygete
- S/2003 J 9
- Carme (dee gréisste Mound vun der Grupp)
- S/2003 J 5
- S/2003 J 19
- Kalyke
- Eukelade
- Kallichore
D'International Astronomesch Unioun (IAU) gëtt fir retrograd Mounde vum Jupiter Nimm mat der Endung e.