Dia (Mound)
Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2000 J 11 |
---|---|
Zentralkierper | Jupiter |
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 12 174 000 km |
Periapsis | 9 605 000 km |
Apoapsis | 14 743 000 km |
Exzentrizitéit | 0,211 |
Ëmlafzäit | 274,40 Deeg |
Ëmlafvitess | ? km/s |
Inklinatioun | 28,237° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | ≈ 4 km |
Dicht | 2,6 g/cm3 |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 22,4 |
Entdeckung | |
Entdecker |
Scott S. Sheppard, |
Entdeckungsdatum | 5. Dezember 2000 |
De Mound Dia (oder Jupiter LIII) ass ee vun de klenge Mounde vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]Den Dia gouf de 5. Dezember 2000 vun den Astronome Scott S. Sheppard, David C. Jewitt, Yanga R. Fernández an Eugene A. Magnier entdeckt a krut déi virleefeg Bezeechnung S/2000 J 11. Den Objet konnt duerno allerdéngs laang Zäit net nees fonnt ginn[1] an huet doropshin als verluer gegollt. Eréischt am September 2012 gouf d'Zeréckentdeckung vum S/2000 J 11 bekanntgemaach.[2] De 7. Mäerz 2015 krut de Jupitermound säin offiziellen Numm Dia vun der I.A.U..[3] Den Numm Dia kënnt aus der mykenescher Mythologie an ass e weiblecht Géigestéck vum Zeus an an der griichescher Mythologie d'Fra vum Ixion.
Bunndaten
[änneren | Quelltext änneren]Den Dia kreest an 274 Deeg an 10 Stonnen op enger mëttlerer Distanz vun 12.174.000 km ëm de Jupiter. D'Ëmlafbunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,21 a steet 28,3° schréi géint de lokale Laplace-Plang, deen ongeféier mam Bunnplang vum Jupiter zesummefält.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Dia zu der Himalia-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Himalia.
Physikalesch Daten
[änneren | Quelltext änneren]Den Dia huet en Duerchmiesser vun zirka 4 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. E besteet warscheinlech aus Silikatgestengs an huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 22,4m.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- MPEC 2001-A29: S/2000 J 7, S/2000 J 8, S/2000 J 9, S/2000 J 10, S/2000 J 11 5. Januar 2001 (Entdeckung)
- MPEC 2012-R22: S/2000 J 11 11. September 2012 (Zeréckentdeckung)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Grav et al. "Photometric survey of the irregular satellites", Icarus, Volume 166, Issue 1
- ↑ MPEC 2012-R22: S/2000 J 11
- ↑ USGS: New Name Approved for Jovian Satellite (Benennung)