Autonoe (Mound)
|
| |
| Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2001 J 1 |
|---|---|
| Zentralkierper | Jupiter |
| Eegenschafte vum Orbit | |
| Grouss Hallefachs | 23.039.000 km |
| Periapsis | 15.344.000 km |
| Apoapsis | 30.734.000 km |
| Exzentrizitéit | 0,334 |
| Ëmlafzäit | 762,70 Deeg |
| Ëmlafvitess | 2,20 km/s |
| Inklinatioun | 152,9° |
| Physikalesch Donnéeën | |
| Mëttleren Duerchmiesser | 4 km |
| Albedo | 0,04 |
| Visuell Magnitude (mag) | 22,0 |
| Entdeckung | |
| Entdecker | IFA Hawaii |
| Entdeckungsdatum | 10. Dezember 2001 |
Den Autonoe (oder Jupiter XXVIII) ass ee vun de klenge baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]Den Autonoe gouf den 10. Dezember 2001 vun Astronome vum astronomeschen Institut vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Déi virleefeg Bezeechnung vum Mound war S/2001 J 1.
De Mound gouf no der Autonoe, enger Schwëster vun der Semele, aus der griichescher Mythologie genannt.
Bunndaten
[änneren | Quelltext änneren]Den Autonoe kreest op enger mëttlerer Distanz vun 23.039.000 km a 762 Deeg a 17 Stonnen ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,334. Mat enger Schréi vun 152,9° ass d'Bunn retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt de Mound Autonoe bei Pasiphae-Grupp, genannt nom Jupitermound Pasiphae, gerechent.
Physikalesch Daten
[änneren | Quelltext änneren]Den Duerchmiesser vum Mound Autonoe huet an der Moyenne 4 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut. Den Autonoe huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. D'visuell Magnitude ass 22,0m.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- MPEC 2002-J54: Eleven new Satellites of Jupiter 15. Mee 2002 (Entdeckung)
- MPEC 2002-V03: S/2001 J 1 1. November 2002 (Zeréckentdeckung)