Chaldene (Mound)
|
| |
| Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2000 J 10 |
|---|---|
| Zentralkierper | Jupiter |
| Eegenschafte vum Orbit | |
| Grouss Hallefachs | 23.179.000 km |
| Periapsis | 17.361.000 km |
| Apoapsis | 28.997.000 km |
| Exzentrizitéit | 0,251 |
| Ëmlafzäit | 723,8 Deeg |
| Ëmlafvitess | 2,33 km/s |
| Inklinatioun | 165,2° |
| Physikalesch Donnéeën | |
| Mëttleren Duerchmiesser | ≈ 3,8 km |
| Dicht | 2,6 g/cm3 |
| Albedo | 0,04 ? |
| Visuell Magnitude (mag) | 22,5 |
| Entdeckung | |
| Entdecker | IFA Hawaii |
| Entdeckungsdatum | 26. November 2000 |
De Mound Chaldene (oder Jupiter XXI) ass ee vun de klenge baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]De Chaldene gouf de 26. November 2000 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Seng éischt virleefeg Bezeechnung war S/2000 J 10.
De Mound gouf no der Chaldene genannt, enger Frëndin vum Zeus aus der griichescher Mythologie.
Bunndaten
[änneren | Quelltext änneren]De Chaldene kreest a 723 Deeg, 16 Stonnen an 48 Minutten op enger mëttlerer Distanz vun 23.100.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2590. Mat enger Inklinatioun vu 165,191° ass d'Bunn retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt de Chaldene zu der Carme-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Carme.
Physikalesch Daten
[änneren | Quelltext änneren]De Chaldene huet en Duerchmiesser vun zirka 3,8 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut. De Chaldene huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 22,5m.