Euporie (Mound)
|
| |
| Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2001 J 10 |
|---|---|
| Zentralkierper | Jupiter |
| Eegenschafte vum Orbit | |
| Grouss Hallefachs | 19.304.000 km |
| Periapsis | 16.540.000 km |
| Apoapsis | 22.068.000 km |
| Exzentrizitéit | 0,1432 |
| Ëmlafzäit | 550,74 Deeg |
| Ëmlafvitess | 2,54 km/s |
| Inklinatioun | 145,767° |
| Physikalesch Donnéeën | |
| Mëttleren Duerchmiesser | ≈ 2 km |
| Dicht | 2,6 g/cm3 |
| Gravitatioun op der Uewerfläch | 0,0180 m/s2 |
| Albedo | 0,61 |
| Visuell Magnitude (mag) | 17,50 |
| Entdeckung | |
| Entdecker | IFA Hawaii |
| Entdeckungsdatum | 11. Dezember 2001 |
Den Euporie (oder Jupiter XXXIV) ass ee vun de klengste bekannte baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]Den Euporie gouf den 11. Dezember 2001 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Den Asteroid krut am Ufank déi virleefeg Bezeechnung S/2001 J 10.
De Mound gouf no der Euporie, enger Duechter vum Zeus aus der griichescher Mythologie genannt.
Bunndaten
[änneren | Quelltext änneren]De Mound Euporie kreest a 550,74 Deeg op enger mëttlerer Distanz vun 19.304.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,1432. Mat enger Inklinatioun vun 145,8° géint de lokale Laplace-Plang ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt de Mound Euporie zu der Ananke-Grupp, genannt nom Jupitermound Ananke gerechent. Dëse Mound ass de bannenzegste Vertrieder vun där Grupp.
Physikalesch Daten
[änneren | Quelltext änneren]Den Euporie huet e mëttleren Duerchmiesser vu ronn 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. En ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut. Den Euporie huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 23,1m.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- MPEC 2002-J54: Eleven new Satellites of Jupiter 15. Mee 2002 (Entdeckung)
- MPEC 2003-C53: S/2001 J 10 10. Februar 2003 (Zeréckentdeckung)