Thebe (Mound)
Ausgesinn
![]() Jupitermound Thebe, opgeholl vun der Raumsond Galileo de 4. Januar 2000. | |
| Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/1979 J 2 |
|---|---|
| Zentralkierper | Jupiter |
| Eegenschafte vum Orbit | |
| Grouss Hallefachs | 221.900 km |
| Periapsis | 218.000 km |
| Apoapsis | 225.800 km |
| Exzentrizitéit | 0,0176 |
| Ëmlafzäit | 0,675 Deeg |
| Ëmlafvitess | 23,90 km/s |
| Inklinatioun | 1,080° |
| Physikalesch Donnéeën | |
| Mëttleren Duerchmiesser | 99 km |
| Dicht | 3,00 g/cm3 |
| Albedo | 0,047 |
| Visuell Magnitude (mag) | 16,0 |
| Entdeckung | |
| Entdecker | Voyager 1 |
| Entdeckungsdatum | 5. Mäerz 1979 |
Den Thebe (och Jupiter XIV) ass ee vun de bannenzege Mounde vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]Den Thebe gouf de 5. Mäerz 1979 vum Astronom Stephen P. Synnott op Fotoe vun der Raumsond Voyager 1 entdeckt a krut ufanks déi virleefeg Bezeechnung S/1979 J 2. Am Joer 1983 gouf de Mound offiziell no der Nymph Thebe aus der griichescher Mythologie, genannt. D'Thebe war d'Duechter vum Flossgott Asopos.
Opbau
[änneren | Quelltext änneren]D'Uewerfläch ass ganz däischter. D'Fotoe vun der Raumsond weisen op d'mannst dräi riseg Aschlagskrateren. Den Thebe huet eng gebonne Rotatioun.
