Kore (Mound)
Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2003 J 14 |
---|---|
Zentralkierper | Jupiter |
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 24.543.000 km |
Periapsis | 16.567.000 km |
Apoapsis | 32.519.000 km |
Exzentrizitéit | 0,325 |
Ëmlafzäit | 779,2 Deeg |
Ëmlafvitess | 2,23 km/s |
Inklinatioun | 145,0° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | ≈ 2 km |
Dicht | ≈ 2,6 g/cm3 |
Gravitatioun op der Uewerfläch | ? m/s2 |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 23,6 |
Entdeckung | |
Entdecker | IFA Hawaii |
Entdeckungsdatum | 8. Februar 2003 |
De Kore (oder Jupiter XLIX) ass e klenge Mound vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]De Kore gouf den 8. Februar 2003 vun Astronome vum astronomeschen Institut vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. De Mound krut déi virleefeg Nummer S/2003 J 14 a gouf am Joer 2007 vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) op Kore (en Alternativnumm vun der Persephone ëmgenannt.
Bunndaten
[änneren | Quelltext änneren]De Kore kreest op enger mëttlerer Distanz vu 24.543.000 km a 779,2 Deeg ëm de Jupiter. D'Ëmlafbunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,325. D'Bunnschréi ass 145,0° an d'Bunn ass retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
De Mound Kore gëtt zu der Pasiphae-Grupp gezielt.
Physikalesch Daten
[änneren | Quelltext änneren]De Kore huet en Duerchmiesser vu ronn 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass méiglecherweis haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut an huet eng däischter Uewerfläch. Seng Albedo ass 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonnenliicht gi reflektéiert.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- MPEC 2003-G10: S/2003 J 14 3. Abrëll 2003 (Entdeckung)
- MPEC 2006-L22: S/2003 J 14 3. Juni 2006 (Zeréckentdeckung)