Orthosie (Mound)
|
| |
| Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2001 J 9 |
|---|---|
| Zentralkierper | Jupiter |
| Eegenschafte vum Orbit | |
| Grouss Hallefachs | 20.720.000 km |
| Periapsis | 14.902.000 km |
| Apoapsis | 26.538.000 km |
| Exzentrizitéit | 0,2808 |
| Ëmlafzäit | 622,56 Deeg |
| Ëmlafvitess | 2,37 km/s |
| Inklinatioun | 145,921° |
| Physikalesch Donnéeën | |
| Mëttleren Duerchmiesser | ≈ 2 km |
| Dicht | 2,6 g/cm3 |
| Albedo | 0,04 |
| Visuell Magnitude (mag) | 23,1 |
| Entdeckung | |
| Entdecker | IFA Hawaii |
| Entdeckungsdatum | 11. Dezember 2001 |
Den Orthosie (oder Jupiter XXXV) ass ee vun de klengste bekannte baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]Den Orthosie gouf den 11. Dezember 2001 vun Astronome vum astronomeschen Institut vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Am Ufank krut de Mound déi virleefeg Bezeechnung S/2001 J 9.
De Mound gouf uschléissend no der Orthosie, enger griichescher Schéinheetsgëttin, genannt.
Bunndaten
[änneren | Quelltext änneren]De Mound Orthosie kreest a 622,56 Deeg op enger mëttlerer Distanz vun 20.720.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2808. Mat enger Bunneschréi vun 145,9° géint de lokale Laplace-Plang ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Orthosie der Ananke-Grupp, benannt nom Jupitermound Ananke, zougerechent.
Physikalesch Daten
[änneren | Quelltext änneren]De Mound Orthosie huet e mëttleren Duerchmiesser vu ronn 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass warscheinlech aus Silikatgestengs opgebaut. Hien huet eng ganz däischter Uewerfläch an eng Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 23,1m.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- MPEC 2002-J54: Eleven new Satellites of Jupiter 15. Mee 2002 (Entdeckung)
- MPEC 2003-D36: S/2001 J 9 28. Februar 2003 (Zeréckentdeckung)