Himalia (Mound)

Vu Wikipedia
Himalia
(Jupiter VI)
Jupitermound Himalia, opgeholl vun
der Raumsond Cassini-Huygens den 19. Dezember 2000
aus enger Distanz vu 4,4 Millioune Kilometer.
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 11.461.000 km
Periapsis 9.601.000 km
Apoapsis 13.321.000 km
Exzentrizitéit 0,1623
Ëmlafzäit 250,56 Deeg
Ëmlafvitess 3,30 km/s
Inklinatioun 27,496°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 170 km
Dicht 2,6 g/cm3
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 14,62
Entdeckung
Entdecker C. D. Perrine
Entdeckungsdatum 4. Mäerz 1979


Den Himalia (och Jupiter VI) ass de gréissste vun de baussenzegen oder irreguläre Mounde vum Planéit Jupiter.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

Den Himalia gouf den 3. Dezember 1904 vum Astronom Charles Dillon Perrine um Lick-Observatoire zu San Jose a Kalifornien entdeckt.

De Mound gouf no der Nymph Himalia, enger Frëndin vum Zeus aus der griichescher Mythologie genannt. Den offiziellen Numm gouf eréischt 1975 verginn, virdru gouf den Himalia als Jupitermound VI bezeechent.

Bunndaten[änneren | Quelltext änneren]

Den Himalia kreest ëm de Jupiter op engem mëttleren Ofstand vun 11.461.000 km an 250,56 Deeg. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun ongeféier 0,16 an ass mat 27,5° géigeniwwer der lokaler Laplace-Fläch, déi ongeféier mat dem Bunneplang vum Jupiter zesummefällt, gebéit.

De Mound Himalia ass de gréisste Member vun enger Grupp vu Mounden, déi sech op änleche Bunnen ëm de Jupiter beweegen an där hien den Numm ginn huet. Zu der Himalia-Grupp gehéieren d'Mounde Leda, Himalia, Lysithea an den Elara.

Physikalesch Donnéeën[änneren | Quelltext änneren]

Rotatiounsliichtbou vum Himalia, aus äerdgebonnenen Observatiounen tëscht August an Oktober 2010.[1]

De Mound Himalia huet e mëttleren Duerchmiesser vun 170 km. Seng d'Dicht ass mat 2,6 g/cm³ relativ héich, wat drop hiweist, datt hien haaaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut ass. Seng Uewerfläch ass ganz däischter a seng Albedo ass 0,04. A 7 Stonnen 46 Minutten a 55±2 Sekonne rotéiert hien ëm seng eegen Achs.[1]

Den 19. Dezember 2000 hat d'Raumsond Cassini Fotoe vum Himalia op d'Äerd geschéckt, wéi si de Jupiter op hirem Wee zum Saturn passéiert hat. Well déi Fotoen aus enger grousser Distanz gemaach goufen, si keng Eenzelheeten op der Uewerfläch z'erkennen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Frederick Pilcher, Stefano Mottola, Tilmann Denk (2012): Photometric lightcurve and rotation period of Himalia (Jupiter VI). Icarus 219, 741-742.