Op den Inhalt sprangen

Amalthea (Mound)

Vu Wikipedia
Amalthea
(Jupiter V)
De Jupitermound Amalthea,
opgeholl vu Voyager 1.
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/1979 J3
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 181.400 km
Periapsis 180.800 km
Apoapsis 182.000 km
Exzentrizitéit 0,0032
Ëmlafzäit 0,498 Deeg
Ëmlafvitess 26,49 km/s
Inklinatioun 0,380°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 167 km
Dicht 0,85 g/cm3
Albedo 0,090
Visuell Magnitude (mag) 14,1
Entdeckung
Entdecker Edward E. Barnard
Entdeckungsdatum 9. September 1892


Den Amalthea (och Jupiter V) ass ee vun de bannenzege Mounde vum Planéit Jupiter.

De Mound gouf den 9. September 1892 vum Astronom Edward E. Barnard um 91-cm-Refrakter vum Lick-Observatoire entdeckt. Et war domat de fënnefte Jupitermound, deen endeckt gouf. Doriwwer eraus war et de leschte Mound, dee mat enger visueller Teleskopobservatioun entdeckt gouf. All spéider Moundentdeckunge goufe mat Fotoe gemaach.

E gouf no der Nymph Amalthea aus der griichescher Mythologie genannt. Den Numm "Amalthea", deen op Virschlag vum franséischen Astronom Camille Flammarion zeréckgeet, gouf vun der Internationaler Astronomescher Unioun eréischt am Joer 1975 offiziell ugeholl. Virun 1975 gouf de Mound meeschtens einfach als "Jupiter V" bezeechent.

Opbau a physikalesch Donnéeën

[änneren | Quelltext änneren]

Den Amalthea ass e ganz onreegelméisseg geformte Kierper mat enger Gréisst vun 270 km × 168 km × 150 km, woubäi d'Längsachs op de Jupiter geriicht ass. D'Dicht ass mat 0,86 g/cm3 ganz kleng; dat schwätzt fir e porösen Opbau aus Waasseräis. Méiglecherweis handelt et sech ëm en "zougelafent" Objet, dat entweeder aus dem baussenzege Jupitersystem staamt oder op grousser Sonnendistanz entstoung an duerch d'Unzéiungskraaft vum Jupiter agefaange gouf.

Den Amalthea huet eng ganz donkel, déifrout gefierft Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,09; dat heescht, nëmmen 9 % vum afalende Sonneliicht gi reflektéiert. D'Routfierwung ass méiglecherweis op Oflagerunge vu Schwiefel zeréckzeféieren, dee vum Mound Io bei Vulkanausbréch an de Weltraum geschleidert gouf. Doriwwer eraus sinn hell gréngelzeg Musteren z'erkennen, deenen hiren Urspronk nach onbekannt ass.

D'Uewerfläch ass staark verkratert. En ettlech Aschlagkratere sinn zimmlech grouss. De gréisste Krater Pan huet en Duerchmiesser vun 100 km an ass 8 km déif. De Krater Gaea huet en Duerchmiesser vun 90 km an ass méiglecherweis 16 km déif. Zwéi Gebiergszich, Mons Lyctas a Mons Ida, hiewe sech op ronn 20 km.

Amalthea rotéiert an 11 Stonnen a 57 Minutten ëm déi eegen Achs a weist domat, wéi den Äerdmound an déi iwwereg bannenzeg Jupitermounde, eng gebonne Rotatioun op.

Déi visuell Magnitude ass 14,1m.

Wéi den Io gëtt den Amalthea méi Wäermt of, wéi de Kierper vun der Sonn kritt. Dat kéint op elektresch Stréim zeréckzeféiere sinn, déi bei der Beweegung vun de Mounden duerch dem Jupiter säi Magnéitfeld induzéiert ginn.

Portal Astronomie

Commons: Amalthea – Biller, Videoen oder Audiodateien