Edward Emerson Barnard

Vu Wikipedia
Edward Emerson Barnard
Gebuer 16. Dezember 1857
Nashville
Gestuerwen 6. Februar 1923
Nationalitéit USA
Educatioun Vanderbilt Universitéit
Aktivitéit Astronom, Fotograf, Universitéitsprofesser
Member vun American Academy of Arts and Sciences, National Academy of Sciences

Den Edward Emerson Barnard, gebuer de 16. Dezember 1857 zu Nashville am Tennessee, an och do gestuerwen de 6. Februar 1923, war en US-amerikaneschen Astronom.

Hie gouf als Jong vu Reuben an Elizabeth Jane (Haywood) Barnard gebuer. Säi Papp ass nach viru senger Gebuert gestuerwen an de Barnard ass an aarme Verhältnesser opgewuess. Am Alter vun néng Joer huet hien an engem Fotostudio ausgehollef. De Barnard war Autodidakt an am Joer 1876 huet hie sech e Lënsenteleskop kaaft. Fënnef Joer méi spéit entdeckt hie säin éischte Koméit. An den nächste Jore war de Barnard als Koméitejeeër sou erfollegräich, datt hie vun de Primmen, déi e Sponsor fir (US-amerikanesch) Koméitenentdeckungen ausgesat hat, en Haus fir sech a seng jonk Fra finanzéiere konnt. Gläichzäiteg krut hien e Stipendium fir eng Léier op der Vanderbilt University, déi hie mat 30 Joer ofgeschloss huet. Doropshi gouf hien 1888 Mataarbechter am nei gebaute Lick-Observatoire.

Am Joer 1892 observéiert de Barnard eng Nova a registréiert dobäi als Éischten eng Gaswollek déi sech ausbreet. Hien huet doraus ofgeleet, datt et sech ëm eng Explosioun vun engem Stär gehandelt huet. Am selwechte Joer entdeckt hien de 5. Jupitermound (Amalthea) - déi éischt Entdeckung vun engem Jupitermound zanter dem Galileo Galilei am Joer 1609, a gläichzäiteg déi lescht deraarteg Entdeckung mat Hëllef vu visueller Observatioun. Kuerz drop huet hien éischt astrofotografesch Versich ugefaangen.

Am Joer 1895 gouf hie Professer vun der Astronomie op der Universitéit vu Chicago. Aus perséinleche Grënn wiesselt hien 1897 zum Yerkes-Observatoire ënner dem George Ellery Hale iwwer. Do waren awer d'atmosphäresch Bedingungen net sou gënschteg. Am Joer 1904 versicht hien d'Mëttelen ze kréien, fir op dem Mount Wilson (wou den Hale e Sonnenobservatoire plangt) Fotoe vun der Mëllechstrooss ze maachen. Am Januar 1905 war et sou wäit: mat engem Astrograph mat 10-Zoll-Optik vum John Brashear geléngen him déi éischt Fotoen. Bis zum Spéitsummer mécht hie 480 Fotoe vu beschter Qualitéit. Si goufen d'Basis fir seng Entdeckung (déi hie sech mat dem Max Wolf gedeelt huet), datt bestëmmt donkel Gebidder an der Mëllechstrooss net Lächer am Stäreschleier waren, mä am Géigendeel reng verdeelt, awer gewalteg Stëpsmassen, déi d'Liicht vun de Stären déi dohanner leien, blockéieren. Doropshi stellt hien e Katalog op, mat sou Donkelwolleken, de Barnard-Katalog. De bekanntsten Donkelniwwel ass de Päerdskappniwwel.

Am Joer 1916 entdeckt de Barnard den éischte Schnellleefer ënner de Fixstären, de Feilstär vum Barnard. Dat ass bis elo mat enger Distanz vu 5,94 Liichtjoeren deen zweetnooste Fixstär (no dem Alpha Centauri-System, 4,22 Lj). Weider entdeckt de Barnard de groussen Emissiounsniwwel, deen den Orion-Komplex ëmmantelt ("Barnard Loop"), souwéi déi no him genannte Zwerggalaxien (Barnard Galaxis - NGC 6822).

Nom Barnard sinn ausserdeem benannt:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]