Feilstär vum Barnard

Vu Wikipedia
Feilstär vum Barnard
Stärebild: Ophiuchus (Oph)
Koordinaten (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun: 17h 57m 48,50s
Deklinatioun: +04° 41' 36,2"
Aner Daten
Visuell Magnitude: 9,54M
Absolut Hellegkeet: 13,23M
Spektralklass: M4 Ve
Duerchmiesser: 280.000 km
Ofstand/Sonnesystem 5,979 Liichtjoer
Katalogen
Hipparcos-Katalog: HIP 87937
Tycho-Katalog: TYC 0425-02502-1
Kaart vum Stärebild Ophiuchus

De Feilstär vum Barnard (oder dem Barnard säi Stär, och Munich 15040) ass e Stär am Ophiuchus Schlaangendréier, deen déi bis elo gréisste bekannten Eegebeweegung vun 10,34" pro Joer opweist. D'Ausmooss vu senger Eegebeweegung gouf 1916 vum Astronom Edward Emerson Barnard entdeckt. Bis zu dësem Zäitpunkt huet de Kapteyns Stär als de Stär mat der gréisster Eegebeweegung gegollt. Stäre mat groussen Eegebeweegunge ginn an der Astronomie als Schnellleefer bezeechent.

Mat enger Distanz vu ronn 6 Liichtjoer ass de Barnard-Feilstär ënner de bekannte Stären de véiertnotsten. Nëmmen déi dräi Komponente vum α-Centauri-System leie méi no. De Feilstär ass allerdéngs e rouden Zwerg mat dem Spektraltyp M4 an enger visueller Magnitude vun 9,61m, soudatt hien trotz där noer Distanz ze schwaach liicht, fir ouni Teleskop gesinn ze ginn. E läit no beim Stär 66 Oph.

Am Joer 11.800 kënnt e bis op 3,8 Liichtjoer un eis Sonn erun, fir sech dann erëm ze distanzéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Feilstär vum Barnard – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie