Max Wolf

Vu Wikipedia
Max Wolf
Gebuer 21. Juni 1863
Heidelberg
Gestuerwen 3. Oktober 1932
Heidelberg
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit vun Heidelberg
Aktivitéit Astronom, Fotograf, Universitéitsprofesser
Member vun Wëssenschaftsakademie vun der URSS, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Ungaresch Wëssenschaftsakdemie, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, National Academy of Sciences

De Maximilian Franz Joseph Cornelius Wolf, gebuer den 21. Juni 1863 zu Heidelberg a gestuerwen den 3. Oktober 1932 och do, war en däitschen Astronom a bekannten Entdecker vu villen Asteroiden (Klengplanéiten).

De Wolf huet zu Stroossbuerg an zu Heidelberg studéiert, wou hien 1888 promovéiert huet. Fir weider Studien ass hien op Stockholm gaangen, koum awer 1890 nees zeréck op Heidelberg. Hei huet hien no 1896 e Léierstull fir Astronomie iwwerholl.

Seng Elteren hunn hie staark ënnerstëtzt. Hien hat scho vun 1880 un, nach als Student um Gymnasium, e privaten Observatoire a sengem Elterenhaus zu Heidelberg. Spéider hat de Wolf do eng 5-Meter-Kuppel an e 6-zëllegen Duebelastrograph. Hien huet konsequent op d'Astrofotografie als Observatiounsmethod gesat an huet schonn 1884 e Koméit entdeckt an e puer Joer méi spéit den Nordamerikaniwwel am Schwan. Den 22. Dezember 1891 huet de Max Wolf als éischten Astronom e Klengplanéit mat fotografesche Methode fonnt, deen hien "(323) Brucia" zu Éiere vun der amerikanescher Wëssenschaftlerin Catherine Wolfe Bruce benannt huet.

Am Joer 1898 gouf um Königstuhl bei Heidelberg den neie groussherzogleche Biergobservatoire ageweit, den haitege Landesobservatoire Heidelberg-Königstuhl. De Wolf hat et fäerdegbruecht, Sponsoren ze fanne fir nei Teleskopen ze kafen (ë. a. d'Catherine Wolfe Bruce), no deenen d'Teleskopen haut benannt sinn.

1909 huet de Wolf de Koméit Halley, bei sengem Perihelduerchgank vun 1909/1910, erëmentdeckt.

Haaptaarbechtsgebidder an där Zäit war d'Katalogiséierung vun astronomeschen Niwwelen, virun allem an de Stärebiller Orion a Schwan, déi sech duerch hire Spektrum als Gasmassen erwisen hunn. Am Joer 1913 huet de Wolf als Éischte systematesch Linneverrécklungen an de Spektre vu Spiralniwwelen an Uecht geholl.

Dat haut bekanntst Aarbechtsgebitt vum Max Wolf war d'Sich no Klengplanéiten, vun deenen hie selwer 235 Stéck entdeckt huet, dorënner ë. a. och 1906 den éischten Trojaner, Achilles. Seng Mataarbechter an Nofollger am Institut hu bis an d'1950er Joer iwwer 800 Klengplanéiten entdeckt, e Rekord deen eréischt kierzlech duerch groussflächeg Duerchmusterungsprogrammer gebrach konnt ginn.

Zesumme mat dem Johann Palisa vu Wien entstoung deen éischte Stärenatlas fir d'Sich an d'Identifikatioun vun nei entdeckten Himmelskierperen. Spéider hunn déi zwéin Astronome Stärekaarten op 210 Blieder publizéiert.

De Max Wolf krut 1914 d'Goldmedail vun der Royal Astronomical Society an 1930 d'Bruce Medail, a weider Goldmedaile vun der Weltausstellung 1900 zu Paräis an 1904 zu St. Louis souwéi 1928 d'Eierebiergerschaft vun Heidelberg. No him gouf ausserdeem e Moundkrater Wolf, an d'Klengplanéite (827) Wolfiana an (1217) Maximiliana benannt.

Hie selwer huet den Asteroid Eulalie. deen en 1902 entdeckten hat, nom Virnumm vu senger Groussmamm genannt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Max Wolf – Biller, Videoen oder Audiodateien