(588) Achilles

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Achilles (Asteroid))
(588) Achilles
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Jupiter-Trojaner (L4)
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 5,192 A.E.
Exzentrizitéit 0,147
Sideresch Ëmlafzäit 11 Joer 303 Deeg 1 Stonn
Mëttel Bunnvitess 13,00 km/s
Inklinatioun 10,3 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 135,48 km
Rotatiounsperiod >12 Stonnen
Albedo 0,033
Absolut Hellegkeet 8,67M
Spektralklass D
Entdeckung
Entdecker Max Wolf
Entdeckungsdatum 22. Februar 1906
Plaz Landesobservatoire Heidelberg-Königstuhl
Aner Bezeechnungen 1906 TG


Den (588) Achilles ass en Asteroid aus der Grupp vun de Jupiter-Trojaner, an e leeft op der Bunn vum Jupiter ëm d'Sonn.

Den Achilles gouf den 22. Februar 1906 vum Max Wolf als éischten Trojaner entdeckt an ass nom griicheschen Held Achilles aus der Ilias genannt. Den Numm vum Asteroid gouf ufanks vum Johann Palisa, engem Frënd a Kolleeg vum Max Wolf, virgeschloen. Den Asteroid leeft dem Jupiter op senger Bunn 60° virdrun (en ass um L4-Punkt). Déi virlafend Trojaner ginn och als Griiche bezeechent a sinn dofir no antike griicheschen Helde genannt. D'Bunn vum Achilles verleeft tëscht 4,429 (Perihel) an 5,956 (Aphel) astronomeschen Eenheeten an ass 10,3° géint d'Ekliptik gebéit. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,147.

Wärend der Oppositioun erreecht den Achilles eng visuell Magnitude vu 16,6 M. Hien ass domat en Objet um Nuetshimmel dee schwaach liicht.

Nieft senger klenger Gréisst ass och d'Albedo (Reflektiounsverméigen) vum Achilles fir seng niddreg Hellegkeet verantwortlech. Hie reflektéiert nëmmen 3,3 % vum optreffendem Liicht, ass also méi schwaarz wéi Asphalt. Seng Uewerfläch besteet no Miessunge vum IRTF vun der NASA warscheinlech zu 20 bis 40 % aus Pyroxen (verschidde Silikater). Fir déi observéiert Routfierwung vum reflektéierten Undeel däerft Eise verantwortlech sinn. Tholinundeeler, also duerch Ultraviolett Liicht ëmgeformte Methan- an Ethanbestanddeeler, iwwer 10 % op der Uewerfläch konnten duerch Spektralanalysen ausgeschloss ginn. Genee sou aarm ass d'Uewerfläch och u Chlorit (maximal 1 %).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]