Ilias

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Mat Hëllef vun der Athene triumphéiert den Achilles iwwer den Hektor

D'Ilias ass en Epos, deen am 8. Joerhonnert v. Chr. vum griicheschen Dichter Homer geschriwwe gouf. Si ass bis haut ee vun de bedeitendste Wierker vun der Weltliteratur an do dobäi och nach dat eelst.

De kompletten Epos ass a Versform verfaasst ginn. D'Ilias besteet am Ganzen aus 15693 Verser. D'Metrik vun deene Verse gëtt am Allgemengen als daktyleschen Hexameter bezeechent.

Handlung vun der Ilias[änneren | Quelltext änneren]

D'Ilias beschreift 40 Deeg aus dem Krich ëm Troja, deen 10 Joer gedauert huet. Bannent deene 40 Deeg ginn d'Haaptkampfhandlungen ausgefouert, dorënner gëtt och vum Doud vun den atteschen Heroen, dem Patroklos an dem Achilles, awer och vun den Helden op trojanescher Säit, de bekanntste vun hinnen dem Hektor, erzielt. An der Ilias gëtt och de berühmten Trick vum Odysseus mam hëlzene Päerd beschriwwen, mat deem senger Hëllef d'Invasoren an d'Festung Troja andrénge konnten.

D'Ilias zeechent sech besonnesch duerch eng staark Charakterbeschreiwung vun de verschiddene Protagonisten aus.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Homer: Ilias. Übertragen von Raoul Schrott. München, Hanser 2008, ISBN 978-3-446-23046-0.
  • Homer: Ilias. Neufassung von Raoul Schrott. Deutschlandfunk, Der Hörverlag 2008, 21 CD's, 1.180 Minutten, ISBN 978-3-86717-188-5
Commons: Ilias – Biller, Videoen oder Audiodateien