Lysithea (Mound)
|
| |
| Zentralkierper | Jupiter |
|---|---|
| Eegenschafte vum Orbit | |
| Grouss Hallefachs | 11.717.000 km |
| Periapsis | 10.400.000 km |
| Apoapsis | 13.034.000 km |
| Exzentrizitéit | 0,1124 |
| Ëmlafzäit | 259,20 Deeg |
| Ëmlafvitess | 3,28 km/s |
| Inklinatioun | 28,302° |
| Physikalesch Donnéeën | |
| Mëttleren Duerchmiesser | 36 km |
| Dicht | 2,6 g/cm3 |
| Gravitatioun op der Uewerfläch | ? m/s2 |
| Albedo | 0,04 |
| Visuell Magnitude (mag) | 18,3 |
| Entdeckung | |
| Entdecker | S. B. Nicholson |
| Entdeckungsdatum | 6. Juli 1938 |
De Jupitermound Lysithea (oder Jupiter X) ass ee vun de klengste baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]De Lysithea gouf de 6. Juli 1938 vum Astronom Seth Barnes Nicholson um Mount-Wilson-Observatoire entdeckt. De Mound gouf no der Lysithea, enger Frëndin vum Zeus aus der griichescher Mythologie, genannt. E krut den offiziellen Numm am Joer 1975, virdru gouf hien als als Jupiter X bezeechent.
Bunndaten
[änneren | Quelltext änneren]De Lysithea kreest ëm de Jupiter op enger mëttlerer Distanz vun 11.717.000 km. Eng Ëmdréiung ëm de Jupiter mécht hien an 250 Deeg, 4 Stonnen an 48 Minutten. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun ongeféier 0,11 an hien ass 28,3° géigeniwwer dem lokale Laplace-Plang, déi ongeféier mat dem Bunnplang vum Jupiter zesummefällt, gebéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt de Mound zu der Himalia-Grupp gezielt.
Physikalesch Daten
[änneren | Quelltext änneren]De Lysithea huet e mëttleren Duerchmiesser vu 36 km. Seng Dicht ass mat 2,6 g/cm³ relativ héich, wat drop hiweist, datt hien haaptsächlech aus silikateschem Gestengs besteet. Hien huet eng ganz däischter Uewerfläch an eng Albedo vun 0,04. Seng visuell Magnitude ass 18,3m.