Euanthe (Mound)
|
| |
| Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2001 J 7 |
|---|---|
| Zentralkierper | Jupiter |
| Eegenschafte vum Orbit | |
| Grouss Hallefachs | 20.799.000 km |
| Periapsis | 15.973.600 km |
| Apoapsis | 25.624.400 km |
| Exzentrizitéit | 0,232 |
| Ëmlafzäit | 620,6 Deeg |
| Ëmlafvitess | 2,44 km/s |
| Inklinatioun | 148,9° |
| Physikalesch Donnéeën | |
| Mëttleren Duerchmiesser | 4 km |
| Dicht | 2,6 g/cm3 |
| Albedo | 0,04 |
| Visuell Magnitude (mag) | 22,8 |
| Entdeckung | |
| Entdecker | IFA Hawaii |
| Entdeckungsdatum | 11. Dezember 2001 |
De Mound Euanthe (oder Jupiter XXXIII) ass ee vun de klenge baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]Den Euanthe gouf den 11. Dezember 2001 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Seng virleefeg Bezeechnung war S/2001 J 7.
De Mound gouf no der Euanthe, déi als Mamm vun de Chariten aus der griichescher Mythologie ugesi gëtt, genannt.
Bunndaten
[änneren | Quelltext änneren]Den Euanthe kreest a 620 Deeg a 14 Stonnen op enger mëttlerer Distanz vun 20.799.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,232. Mat enger Inklinatioun vun 148,9° géint de lokale Laplace-Plang ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Euanthe zu der Ananke-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Ananke.
Physikalesch Daten
[änneren | Quelltext änneren]Den Euanthe huet e mëttleren Duerchmiesser vun zirka 3 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. E besteet héichstwahrscheinlech aus Silikatgestengs. Seng Uewerfläch ass ganz däischter a seng Albedo ass 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 22,8m.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- MPEC 2002-J54: Eleven new Satellites of Jupiter 15. Mee 2002 (Entdeckung)
- MPEC 2003-A23: S/2001 J 7 5. Januar 2003 (Zeréckentdeckung)