Sinope (Mound)

Vu Wikipedia
Sinope
(Jupiter IX)
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 23.939.000 km
Periapsis 17.966.000 km
Apoapsis 29.912.000 km
Exzentrizitéit 0,2495
Ëmlafzäit 758,9 Deeg
Ëmlafvitess 2,29 km/s
Inklinatioun 158,109°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 38 km
Dicht 2,6 (?) g/cm3
Gravitatioun
op der Uewerfläch
? m/s2
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 18,1
Entdeckung
Entdecker S. B. Nicholson
Entdeckungsdatum 1. Juli 1914


De Jupitermound Sinope (oder Jupiter IX) ass ee vun de baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De Sinope gouf den 1. Juli 1914 vum Astronom Seth Barnes Nicholson um Lick-Observatoire entdeckt.

De Mound gouf no der Sinope, enger Nymph aus der griichescher Mythologie genannt.

Den offiziellen Numm krut de Mound eréischt am Joer 1975, vidru gouf en einfach als Jupitermound IX bezeechent, well hien de néngten entdeckte Mound beim Jupiter war.

Bunndaten[änneren | Quelltext änneren]

De Sinope kreest a 758 Deeg, 21 Stonnen a 36 Minutten op enger mëttlerer Distanz vun 23.939.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2495. Mat enger Schréi vun 158,109° ass d'Bunn retrograd, dat heescht, de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter.

De Sinope gëtt wéinst senge Bunneegenschaften zu der Pasiphae-Grupp gerechent.

Physikalesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

De Sinope huet e mëttleren Duerchmiesser vu ronn 38 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut.

De Sinope huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 18,1m.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]