Hermippe (Mound)
Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2001 J 3 |
---|---|
Zentralkierper | Jupiter |
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 21.131.000 km |
Periapsis | 16.693.500 km |
Apoapsis | 25.568.500 km |
Exzentrizitéit | 0,210 |
Ëmlafzäit | 633,9 Deeg |
Ëmlafvitess | 2,42 km/s |
Inklinatioun | 150,7° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | 4 km |
Dicht | ~2,6 g/cm3 |
Gravitatioun op der Uewerfläch | ? m/s2 |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 22,1 |
Entdeckung | |
Entdecker | IFA Hawaii |
Entdeckungsdatum | 9. Dezember 2001 |
De Mound Hermippe (oder Jupiter XXX) ass ee vun de klengste bekannte baussenzegste Mounde vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]Den Hermippe gouf den 9. Dezember 2001 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Den Mound krut ufanks déi virleefeg Bezeechnung S/2001 J 3.
De Mound gouf duerno no der Hermippe genannt, enger Frëndin vum Zeus aus der griichescher Mythologie.
Bunndaten
[änneren | Quelltext änneren]Den Hermippe kreest op enger mëttlerer Distanz vun 21.131.000 km a 633 Deeg an 22 Stonnen ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,210. Mat enger Inklinatioun vun 150,7° géint de lokale Laplace-Plang ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Hermippe zu der Ananke-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Ananke.
Physikalesch Daten
[änneren | Quelltext änneren]Den Hermippe huet e mëttleren Duerchmiesser vu ronn 4 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. En ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgesteng opgebaut. Den Hermippe huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 22,1m.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- MPEC 2002-J54: Eleven new Satellites of Jupiter 15. Mee 2002 (Entdeckung)
- MPEC 2002-V06: S/2001 J 2, 2001 J 3 1. November 2002 (Zeréckentdeckung)