Celestia

Vu Wikipedia
Celestia
Bléck op de Planéit Jupiter a säi Mound Io.
Hiersteller Celestia Entwéckler Grupp
Aktuell Versioun 1.6.1
Aktuell Versioun erauskomm 7. Juni 2011
Betribssystem Linux, Mac OS X, Windows
Kategorie Astronomieprogramm
Lizenz GPL (Fräi Software)
Homepage shatters.net/celestia

Celestia ass en 3D-Astronomieprogramm fir Windows, Mac OS X a Linux, dee vum Chris Laurel entwéckelt gouf. En ass Open Source a GPL-lizenséiert. Zanter dem 20. Oktober 2008 gëtt et och eng portabel Versioun vu PortableApps.

De Programm erlaabt et, de Benotzer Objeten an der Gréisst vun der Internationaler Raumstatioun bis hin zu Galaxië wéi d'Mëllechstrooss dräidimensional ze simuléieren. De Programm benotzt OpenGL als 3D-Biblioték. Anescht wéi normalerweis bei Planetariums-Software ass de Benotzer an der Lag, sech fräi duerch den Universum ze beweegen. An dëser an a weideren Eegenschafte gläicht en dem Programm Space Engine.

D'NASA an d'ESA hunn de Potential vun Celestia erkannt a fir eegen Demonstratiounszwecker benotzt (kuckt heizou ënner Spaweck). Celestia ass net ze verwiessele mam ESA-Programm Celestia 2000. D'ESA gebraucht Celestia an der Tëschenzäit an engem eegene Programm (Space Trajectory Analysis) fir Analysen, Simulatiounen a Visualiséierunge vu Fluchbunnen.[1]

D'Institut fir Raumfaartsystemer vun der Universitéit Stuttgart benotzt Celestia als Live-Visualiséierung fir déi an Zesummenaarbecht mam EADS Astrium opgebaut Systemsimulatiounsinfrastruktur am Kader vun der Satellittenentwécklung.[2] Och déi fir d'Léier um Institut benotzt Systemsimulatiounsinfrastruktur OpenSimKit stellt déi simuléiert Rakéitenuewerstuf mat Celestia duer.[3]

Zanter der Versioun 1.3.1 gëtt Celestia och als däitschsproocheg Fassong ugebueden.[4]

Funktiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • „Reesbegleeder“ (Sammlung vu wichtege Plazen am Sonnesystem)
  • Sonnen- a Mounddäischtert-Rechner fir all d'Planéite bis an d'Joer 9999.
  • Am Basisprogramm ass den Hipparcos-Katalog dran (120.000 Stären).
  • Et ass méiglech, Screenshots ze maachen an dat beweegt Evenement um Bildschierm als Video opzehuelen.
  • D'Zäit ka sou wäit wéi ee well an d'Zukunft oder Vergaangenheet gesat ginn.
  • Konstellatiounen an Ëmlafbunne vu Planéiten, Mounden, Asteroiden, Koméiten an Satellitte kënne gewise ginn.
  • D'Nimm vun allen Objeten am Weltraum kënnen annoncéiert ginn: Galaxien, Stärekéip, Stären, Planéiten, Mounden, Asteroiden, Koméiten, Satellitten.
  • D'Nimm vu Stied, Aschlagkrateren, Observatoiren, Däller, Landungspunkten, Kontinenter, Bierger a Séie kënnen ageblent ginn.
  • Et gëtt de Radius, d'Distanz, Dageslängt an d'Temperatur an der Moyenne vun de Planéite gewisen.
  • Vun de Stäre gëtt d'Distanz, d'Liichtkraaft am Verglach zu der Sonn, d'Spektralklass, Uewerflächentemperatur, de Radius an d'Ëmdréiungszäit annoncéiert.
  • D'Zuel vun de visuelle Stäre ka variéiert ginn.
  • D'Siichtfeld ka stufelos variéiert ginn.
  • Déi visuell Magnitude vun de Stäre kann an dräi Stufen agestallt ginn
  • D'Bild ka gedeelt ginn, fir méi Objete gläichzäiteg observéieren ze kënnen.
  • D'Liichtvitess kann ignoréiert oder abezunn ginn.
  • Gamepad-Ënnerstëtzung

Begrenzungen[änneren | Quelltext änneren]

Sirius
  • D'Standardastellung fir d'Äerd ass eng perfekt Kugel. Fir d'Äerd richteg duerstellen ze kënnen, muss dëst an enger Programmdatei agestallt ginn.
  • All Galaxien a Stäre si stationär (mat Ausnam vun Duebelstäresystemer, bei deenen de Mëttelpunkt feststeet). Och bei ganz staarker Zäitbeschleunigung ass et dofir net méiglech, eng Rotatioun vun der Galaxis z'observéieren.
  • Ettlech Duebelstäresystemer ginn nach net korrekt duergestallt.

Vergréisserungen[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer 10 GB vu Vergréisserungen (sougenannt Add-Ons) sti als Bäilag vum Basisprogramm zur Dispositioun. Dësen enorme Plus ass d'Resultat vun den Aktivitéite vun enger klenger, awer produktiver Benotzerschaft, déi de Programm ënnerstëtzen. Déi gréisst Sammlung gëtt vum Portal „The Celestia Motherlode“ (kuckt de Spaweck) zur Verfügung gestallt. Dës „Add-Ons“ ëmfaasse follgend Beräicher:

Héichopléisend Äerdtextur
Héichopléisend Moundtextur mat Normalmap

D'Texture vun de Planéiten an aneren Himmelskierper, wéi Mounden a Koméiten, si mat héichopléisenden Texturen (bis zu 128.000 × 64.000 Pixel), Normalmaps oder Bumpmaps, Specularmaps (fir Spigelungen), Wollekentexturen an Nuetstexturen auswiesselbar. Fir d'Äerd gi beispillsweis och Satellittefotoen, déi iwwer sougenannt „Virtual Textures“ agebonne ginn, zur Dispositioun gestallt, wouduerch eng ganz detailléiert Usiicht vun de Planéiten erméiglecht gëtt. Et kënnen 3D-Objete fir besonnesch héich Bierger oder berüümt Bauwierker agebaut ginn, fir eng nach méi realistesch Usiicht ze kréien. Politesch Kaarten oder wëssenschaftlech Texturen, wéi d'Gravitatiounsverdeelung op der Planéitenuewerfläch sinn och disponibel a kënnen am Programm séier ausgewielt ginn.

Et gëtt verschidden Datebanken, vun Objeten iwwer Gréisste vu Satellitten iwwer Mounden, Asteroiden a Stäre bis hin zu Galaxien. Eleng déi vergréissert Stärendatebank huet zwou Millioune Stären an d'Galaxiendatebank bal 2.000, wouduerch och d'Galaxiëkéip visuell ginn. D'Stieddatebank vun der Äerd ass op 96.000 Plaze méiglech ze vergréisseren.

Et besteet och d'Méiglechkeet, d'Fluchbunne vu Satellitten anzebannen. Sou kënnen déi komplett Missiounen (zum Beispill Cassini-Huygens) nosimuléiert ginn.

D'Benotzerschaft huet Skripten entwéckelt, déi änlech wéi am Planetarium de Benotzer duerch d'Sonnesystem féiert. Speziell Dokumentatiounen am Textformat, Educational Activities genannt, déi zum Beispill iwwer d'Gebuert an den Doud vun de Stären informéieren, si mam Celestia verbonnen, wouduerch sou Theemen erkläert kënne ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Celestia – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://oa.upm.es/8150/1/INVE_MEM_2010_81435.pdf
  2. Archive copy Gearchiveerd op 2016-01-24. Gekuckt de(n) 2015-03-30.
  3. http://www.opensimkit.org
  4. http://www.celestia.info