Voyager 2

Vu Wikipedia
Voyager-Sond

De Voyager 2 ass eng NASA Raumsond, déi 16 Deeg virum Voyager 1 den 20. August 1977 vu Launch Complex 41 op Cape Canaveral mat enger Titan-IIIE-Centaur-Rakéit an de Weltraum gestart gouf (Voyager 1 ass zwar 16 Deeg méi spéit gestart, huet awer méi eng kuerz Fluchbunn zum Jupiter ageschloen, dofir steet d'Eent als Nummer).

Virgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Diagramm vun de Voyagersonden

An den 1960er Joren hunn Astronomen, dorënner de Gary Flandro an de James Long vum Jet Propulsion Laboratory festgestallt, datt déi grouss Planéite vun eisem Sonnesystem, de (Jupiter, de Saturn, den Uranus an den Neptun) um Enn vun den 1970er Joren an enger Konstellatioun stoe géifen. Et kéint een also mat enger eenzeger Sond dës grouss Planéite besichen. Aus budgetäre Grënn gouf de Plang vun engem Grand Tour vun der NASA schonn 1972 stornéiert, well finanziell a personell Ressourcen an de Projet Space Shuttle fléisse sollten. D'JPL krut gréng Luucht fir e „klengen Tour“, déi zwou Sonden op d'Planéite Jupiter a Saturn féiere soll. D'NASA hat och Uweisunge ginn, datt d'Sonden nëmme fir déi véierjäreg Missiounsdauer op Saturn ze baue wier an net fir de Grand Tour, fir héich Käschten duerch laanglieweg Systemer auszeschléissen. E Grand Tour géif nämlech 12 Joer daueren.

Doropshin goufen zwou Sonden gebaut, Voyager 1 an Voyager 2. D'Ingenieure vun der Missioun hu sech fir eng vun deenen zwou Sonden d'Optioun fräi gehalen, och den Uranus an den Neptun ze besichen, sollt sech déi politesch Lag vun der NASA tëschenduerch änneren. Fir de Fall, datt Voyager 1 erfollegräich de Jupitermound Io an de Saturnmound Titan passéieren an ënnersiche géif, bräicht Voyager 2 dat net och ze maachen, mä kéint op Kurs fir de Grand Tour bruecht ginn. Béid Sonde goufe wärend de Joren duerno, souzesoen ouni vill Ophiewes, fir eng verlängert Missiounsdauer gebaut, 1977 war et sou wäit – d'Iddi hat Uklang fonnt. D'Voyager 2 gouf fir d'éischt gestart, fir sech d'Optioun op ze behalen (d'Fënster fir d'Ausnotze vun där eemoleger Planéitekonstellatioun géif sech Enn August zou maachen).

Missiounsverlaf[änneren | Quelltext änneren]

Foto vum Neptun vun der Voyager 2 (4,4 Mio. Meilen 4 Deeg an 20 Stonne virun der nooster Plaz). Et gesäit een de groussen donkle Fleck, den hellen Objet Scooter dee sech ganz séier beweegt an e weidere klengen donkle Fleck.

De grousse Saturnmound Titan huet d'Fuerscher wéinst senger Atmosphär intresséiert, sou datt déi béid Sonden ganz no laanscht fléie sollten – eng iwwer d'Polregioun, an déi aner iwwer den Equator. De Voyager 1 sollt dem Titan säi Südpol iwwerfléien. Dëse Kurs muss si allerdéngs aus der Ekliptik vum Sonnesystem droen, woumat si fir Besich beim Uranus a beim Neptun net méi a Fro kéim[1]. D'Manöver ass gelongen, awer déi dobäi entstane Biller vum Titan waren net besonnesch, well d'Kamera déi dicht Atmosphär vum Mound net duerchdrénge konnt. D'Voyager 2 huet kuerz duerno den Equator vum Titan iwwerflunn, mat änleche Resultater. Awer déi Sond ass an der Ekliptik bliwwen an huet hire Fluch zum Uranus an Neptun fortgesat. D'NASA huet sech offiziell eréischt nom Laanschtfluch beim Saturn fir eng Missiounsverlängerung agesat, woubäi déi laang Rees vu weidere véier Joer zum Uranus een Erfolleg net fir warscheinlech erschénge gelooss huet. Datt d'Raumsond souguer déi 12 Joer bis zum Neptun iwwerstoe géif, ass 1981 fir bal onméiglech gehale ginn. Eréischt no dem erfollegräiche Passage vum Uranus gouf nees dru gegleeft, den Neptun z'erreechen, sou datt grouss Investitiounen an d'Deep Space Network gemaach goufen. Den Duerchmiesser vun de 64-Meter-Antenne gouf op 70 Meter erhéicht, fir déi méiglech Date-Rat vu Voyager 2 beim Neptunrendez-vous unzehiewen. D'Sond huet de Jupiter den 9. Juli 1979 passéiert, de Saturn de 25. August 1981, den Uranus de 24. Januar 1986 an den Neptun endlech de 25. August 1989.

Den 10. Dezember 2007 huet d'NASA bekannt ginn, datt den 30. August 2007 och de Voyager 2 den Termination Shock passéiert huet an den Heliosheath erreecht huet.[2] D'Sond hat zu dësem Zäitpunkt eng Distanz vu ronn 84 AE zu der Sonn.

D'Sond hat op hirem Fluch vill Date gesammelt, déi et erméiglecht hunn, eist Sonnesystem besser ze verstoen. Dobäi goufen ënner anerem 22 nei Mounden, d'Réng vum Jupiter an zwéi weider Réng vum Uranus entdeckt.

D'Voyager-2-Missioun zielt zu den erfollegräichste Weltraumprojete vun allen Zäiten. D'Sond funktionéiert ëmmer nach an ass no Voyager 1 an Pioneer 10 dat drëttwäitst vu Mënschenhand gebaute Objet. Prognosë ginn dovun aus, datt d'Sond nach bis zum Joer 2020 Daten op d'Äerd schécke kënnt, bis déi nuklear Energiequell (Radioisotopengenerator) net méi genuch Stroum liwwert, fir d'System mat Energie ze versuergen.

Wéi d'Schwëstersond huet och d'Voyager 2 eng gëlle Schallplack mam Numm Voyager Golden Record mat sech, op där Biller, Gréiss (ë. a. vum deemolegen UN-Generalsekretär Kurt Waldheim), Musek a Kläng vun der Äerd enregistréiert sinn. Den 1. Januar 1990 kruten déi béid Sonden déi nei Bezeechnung Voyager Interstellar Mission.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ben Evans: NASA's Voyager Missions, London 2004
  • Reiner Klingholz: Marathon im All: Die einzigartige Reise des Raumschiffes Voyager 2, Westermann, Braunschweig 1989, ISBN 3-07-509233-9

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Jeffrey Kluger: Weiter als Menschen fliegen können, S. 224ff. Scherz, 2000, ISBN 3-502-15374-4
  2. NASA News: Voyager 2 Proves the Solar System is Squashed, 10. Dezember 2007 (englesch)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Voyager 2 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Voyager-Programm – Biller, Videoen oder Audiodateien