Cape Canaveral AFS Launch Complex 41

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
CCAFS LC-41
D'Atlas V mat New Horizons kuerz virum Start
Typ Orbital Launch Site
Bedreiwer USAF, NASA
Breedegrad 28.5833
Längtegrad -80.5831
gebaut 1963
Rakéiten fréier verschidden Titan III/IV; elo Atlas V
Status aktiv

De Cape Canaveral AFS Launch Complex 41 (LC-41) ass eng aktiv Startramp vun der US Air Force a gehéiert zu der Cape Canaveral Air Force Station a Florida (USA).

Vun do aus huet d'US-Loftwaff Titan-III C-, Titan-IV-Rakéiten an déi siwen Titan-III E/Centaur Rakéite vun der NASA gestart. No engem groussen Ëmbau ass et déi eenzeg Startplaz fir d'Atlas V um Cape Canaveral.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Titan III E/Centaur mat Viking 2 op der Startramp

Ufanks gouf den LC-41 zesumme mam Complex 40 als Startplaz fir d'Titan IIIC gebaut. Nom Bau 1963 gouf den 21. Dezember 1965 den OV2-Satellit vun der US-Air-Force gestart. Obwuel de Start gegléckt hat, hat d'Uewerstuf versot an de Satellit op e falschen Orbit bruecht.

An den nächste Jore goufen et nëmmen e puer weider militäresch Starte vun der Titan-III-C, well den LC 41 fir de Start vun der TitanIII-E/Centaur Rakéit vun der NASA modifizéiert gouf a Systemer fir d'Kryogen Dreifstoffer (flëssege Waasserstoff a Sauerstoff) vun der Centaur Uewerstuf agebaut goufen.

Den éischte Start vun enger Titan-IIIE/Centaur goung schif, well d'Centaur am Fluch net gezünnt hat; déi weider sechs Starte vun dësem Typ hu geklappt.

Den éischten erfolgräiche Start vun enger Titan-IIIE/Centaur vun der Startplaz 41 hat den 10. Dezember 1974 d'Sonnesond Helios 1 an de Weltraum bruecht.

Duerno si mat Titan-IIIE/Centaur-Rakéite déi erfolgräich Viking-Lander vun der NASA, den 20. August respektiv den 9. September 1975 gestart an e Joer méi spéit um Mars gelant.

De 15. Januar 1976 war vum Complex 41 den Helios 2 gestart, dee bis op 43,5 Millioune Kilometer un d'Sonn erukoum, sou no wéi keng aner Raumsond virdrun, a bis haut (2009).

1977 hat do d'Rees vu Voyager 1 a 2, déi bei déi baussenzeg Planéite geflu sinn, ugefaangen. Si waren den 20. August respektiv de 5. September 1977 u Bord vun enger Titan-IIIE-Centaur gestart.

No 17 Titan-III-Flich war emol fir weider Jore Schluss. Tëscht 1986 an 1988 gouf d'Ramp fir d'Titan IV am Kader vun engem 57 Milliounen Dollar deiere Projet ëmgebaut. Mam Ofhiewe vun der neier Titan de 14. Juni 1989 hat en neit Joerzéngt vun dëser neier Titan ugefaangen, woubéi déi zwéi lescht Starte vun dësem Rakéitentyp schif gelaf waren.

Nom Joer 1999 huet d'Ramp fir d'zweet d'Gesiicht geännert. D'Rampen déi net méi gebraucht goufen, goufe komplett ëmgebaut, sou datt fir déi nei Atlas V eng nei Startplaz geschaf gouf. Den 21. August 2002 war déi éischt Atlas V vum LC 41 gestart. Ënner de weideren Atlas-V-Flich war och, am Joer 2006, d'New Horizons, déi éischt Sond, déi de Pluto ënnersiche soll. New Horizons gouf vun der Atlas V (551) op eng Vitess vu 16,21 km/s acceleréiert. Dat war en neie Rekord vun enger Raumsond.

De Komplex[änneren | Quelltext änneren]

Viking 2 Start vum Complex 41

D'Startramp war bis zum Ëmbau fir d'Atlas V praktesch eng Kopie vum Launch Complex 40. D'Rakéit gouf am Vertical Integration Building (VIB) zum gréissten Deel zesummegebaut, bei d'Startramp gefouert a mat Hëllef vun engem risege Service-Tower fir de Start virbereet.

Complex 41 nom Ëmbau fir d'Atlas V

Während dem Ëmbau fir d'Atlas V hat sech villes geännert: d'Startanlag gouf gesprengt. Nëmmen d'Fëllement, d'Ofgasschächt an déi véier ëm d'Startramp postéiert Blëtzofleeder blouwen erhalen. Während bal all Startramp duerch eng riseg Gitterstruktur scho vu wäitem ze gesinn ass, fënnt een haut um LC-41, bis op de Blëtzofleedersystem nëmmen de Betongsdësch a weidert flaacht Equipement. Dofir ginn d'Atlas-V-Rakéiten an der Vertical Integration Facility (VIF; net ze verwiessele mam ale Vertical Integration Building) zesummegebaut, déi 550 m dovun ewech ass. Déi virbereet Rakéitendeeler kommen aus dem Spaceflight Operations Center (ASOC). Dat Gebai steet ronn 6,5 Kilometer vum Komplex ewech a gouf fréier fir d'Titan-IV-Rakéite gebraucht. Wann d'Rakéit am VIF fäerdeg zesummegebaut ass, ka se mat engem klenge, mobilen Tuerm bei d'Startramp gefouert ginn. Dat geschitt awer eréischt e puer Stonne virum Start. Um LC-41 selwer gëtt dann d'Rakéit nëmmen nach vollgetankt.

Startlëscht[änneren | Quelltext änneren]

Datum Zäit (UTC) Rakéitentyp Seriennummer Missioun / Nutzlaascht
21. Dezember 1965 Titan III 3C-8 Transtage 8 / LES 3 / LES 4 / Oscar 4
16. Juni 1966 14:00 Titan III 3C-11 GGTS 1 / IDCSP
26. August 1966 13:59 Titan III 3C-12 IDCSP
18. Januar 1967 14:19 Titan III 3C-13 IDCSP
28. Abrëll 1967 10:01 Titan III 3C-10 Vela 7 / Vela 8 / ERS 18 / ERS 20 / ERS 27
1. Juli 1967 13:15 Titan III 3C-14 IDCSP / LES 5
13. Juni 1968 14:03 Titan III 3C-16 IDCSP
26. September 1968 07:37 Titan III 3C-5 LES 6 / ERS 21 / ERS 28
9. Februar 1969 21:09 Titan III 3C-17 Tacsat 1
23. Mee 1969 07:57 Titan III 3C-15 Vela 9 / Vela 10 / ERS 26 / ERS 29
11. Februar 1974 13:48 Titan III 23E-1 Centaur D-1T Sphinx
10. Dezember 1974 07:11 Titan III 23E-2 Centaur D-1T Helios 1
20. August 1975 21:22 Titan III 23E-4 Centaur D-1T Viking 1
9. September 1975 18:39 Titan III 23E-3 Centaur D-1T Viking 2
15. Januar 1976 05:34 Titan III 23E-5 Centaur D-1T Helios 2
20. August 1977 14:29 Titan III 23E-7 Centaur D-1T Voyager 2
5. September 1977 12:56 Titan III 23E-6 Centaur D-1T Voyager 1
14. Juni 1989 13:18 Titan IV 402A K-1 IUS DSP-1 Block 14 F14
8. Juni 1990 04:22 Titan IV 405A K-4 NOSS
13. November 1990 00:37 Titan IV 402A K-6 IUS DSP-1 Block 14 F15
4. Mee 1994 15:55 Titan IV 401A K-7 Centaur TC-10 Trumpet 1
27. August 1994 08:58 Titan IV 401A K-9 Centaur TC-11 Mercury ELINT 1
10. Juli 1995 12:38 Titan IV 401A K-19 Centaur TC-8 Trumpet 2
24. Abrëll 1996 23:37 Titan IV 401A K-16 Cenraur TC-15 Mercury ELINT 2
8. November 1997 02:05 Titan IV 401A Centaur TC-16 Trumpet 3
12. August 1998 11:30 Titan IV 401A K-17 Centaur TC-9 Mercury ELINT 3
9. Abrëll 1999 17:01 Titan IV 402B K-32 IUS DSP-1 Block 18 F19
21. August 2002 22:05 Atlas V 401 AV-001 Hot Bird 6
13. Mee 2003 Atlas V 401 AV-002 Hellas Sat 2
17. Juli 2003 23:45 Atlas V 521 AV-003 Rainbow 1
17. Dezember 2004 12:07 Atlas V 521 AV-005 AMC-16
11. Mäerz 2005 21:42 Atlas V 431 AV-004 Inmarsat 4-F1
12. August 2005 11:43 Atlas V 401 AV-007 Mars Reconnaissance Orbiter
19. Januar 2006 19:00 Atlas V 551 AV-010 New Horizons
20. Abrëll 2006 20:27 Atlas V 411 AV-008 Astra 1KR
9. Mäerz 2007 03:10 Atlas V 401 AV-013 STPSat-1 / Midstar 1
25. Juni 2007 15:11 Atlas V 401 AV-009 USA 194
11. Oktober 2007 00:22 Atlas V 421 AV-011 WGS SV-1
10. Dezember 2007 22:05 Atlas V 401 AV-015 NROL-24
14. Abrëll 2008 20:12 Atlas V 421 AV-014 ICO G1
4. Abrëll 2009 08:34 Atlas V 421 AV-016 WGS 2
18. Juni 2009 21:32 Atlas V 401 AV-020 LCROSS
8. September 2009 21:35 Atlas V 401 AV-018 PAN
23. November 2009 06:55 Atlas V 431 AV-024 Intelsat 14
11. Februar 2010 15:23 Atlas V 401 AV-021 Solar Dynamics Observatory
22. Abrëll 2010 23:52 Atlas V 501 AV-012 X-37B
14. August 2010 11:07 Atlas V 531 AV-019 AEHF 1
5. Mäerz 2011 22:46 Atlas V 501 AV-026 X-37B
7. Mee 2011 18:10 Atlas V 401 AV-022 SBIRS-GEO-1
5. August 2011 16:25 Atlas V 551 AV-029 Juno
26. November 2011 15:02 Atlas V 541 AV-028 Mars Science Laboratory
24. Februar 2012 22:15 Atlas V 551 AV-030 MUOS-1
4. Mee 2012 18:42 Atlas V 531 AV-031 AEHF 2
20. Juni 2012 12:28 Atlas V 401 AV-023 NROL-38
30. August 2012 08:05 Atlas V 401 AV-032 Radiation Belt Storm Probes
11. Dezember 2012 18:03 Atlas V 501 AV-034 X-37B
31. Januar 2013 01:48 Atlas V 401 AV-036 TDRS-K
19. Mäerz 2013 21:21 Atlas V 401 AV-037 SBIRS-GEO-2
16. Mee 2013 21:38 Atlas V 401 AV-039 GPS IIF-4
19. Juli 2013 13:00 Atlas V 551 AV-040 MUOS-2
18. November 2013 18:28 Atlas V 401 AV-038 MAVEN
24. Januar 2014 02:33 Atlas V 401 AV-042 TDRS-L
10. Abrëll 2014 17:45 Atlas V 541 AV-045 NROL-67
22. Mee 2014 13:09 Atlas V 401 AV-046 NROL-33

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]