Juno (Raumsond)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Raumsond Juno
Kënschtleresch Duerstellung vun der Raumsond beim Jupiter
Missioun Erfuerschung vum Jupiter
COSPAR-Bezeechnung 2011-040A
Drorakéit Atlas V
Optrag vun der NASA
Startmass 3625 kg
Start an Enn 5. August 2011 –Februar 2018
Startplaz Cape Canaveral LC-41

D'Juno (oder Jupiter Polar Orbiter) ass eng Raumsond vun der NASA, déi de Gasplanéit Jupiter aus enger polarer Ëmlafbunn während engem Joer studéiere soll.

Si ass de 5. August 2011 gestart ginn an ass de 4. Juli 2016 beim Jupiter ukomm. D'Juno ass no New Horizons déi zweet Raumsond vum New-Frontiers-Programm vun der NASA. . Am Géigesaz zu fréiere Raumsonden, déi op de Planéit Jupiter geflu sinn, huet Juno keng nuklear Energieversuergung, mä generéiert den néidege Stroum duerch nei méi effizient a méi stralungsresistent Solarzellen.[1] Den Asaz ass méiglech, well d'Sond op hirer polarer Ëmlafbunn ëmmer fräi Siicht op d'Sonn huet. Ausserdeem ass d'Sond op dëser Bunn ëmmer baussenzeg vun der staarker Stralungsceinture vum Jupiter.

Den Numm vun der Sond staamt aus der griichesch-réimescher Mythologie. De Gott Jupiter huet sech ëmmer hannert engem Wollekewuel verstoppt, fir der ze stiichten, mä seng Fra, d'Gëttin Juno, konnt duerch d'Wolleke kucken an huet sou mattkritt, wat de Jupiter géif knätzelen. Op enger eelerer Lëscht vun den NASA-Ofkierzunge fënnt een och de Backronym „JUpiter Near-polar Orbiter“.[2]

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

Fuerschungsziler[änneren | Quelltext änneren]

D'Juno soll folgenden Aufgabe maachen:

Speziell Ufuerderungen un d'Orbiten[änneren | Quelltext änneren]

D'Juno ass déi éischt Sond op dëser grousser Distanz vun der Sonn, déi hir Energie nëmmen aus Solarzellen bezitt. Dofir gouf e ganz komplexe Szenario fir d'Ëmkreese vum Gasris erausgesicht. Et hu missen ënner anerem folgend Bedéngungen erfëllt ginn:

  • Ëmgoe vun der staarker Stralungsceinture, well d'Stralung d'Sond kéint beschiedegen.
  • Verzicht vum Antrëtt an de Schiet vum Jupiter, fir datt d'Solarzellen onënnerbrach Energie liwwere kënnen.
  • D'Periapsis sollt sou kleng wéi méiglech sinn.

Duerch héichelliptesch polar Orbitte sollen déi Ziler erreecht ginn. Déi aggressiv Stralungsceinture vum Jupiter ass ongeféier torusfërmeg an ass equatorial wéi en onsiichtbare Schwammreef op enger bestëmmter Distanz, ëm de Planéit. D'Sond flitt bei all Ëmkreesung vum Planéit an Nord-Süd-Richtung tëscht dem Jupiter an der Stralungsceinture erduerch an ëmkreest uschléissend an engem grousse Bou d'Stralungsceinture vu baussen. D'Sond ass bei dësen Orbiten ni am Jupiterschiet, wat fir eng permanent Energieversuergung mat de Solarzellen entscheedend ass. Doriwwer eraus muss et keng permanent maximal Energieliwwerung ginn, well et pro Orbit eng Zäitfënster no beim Jupiter vu just e puer Stonne gëtt, an där Miessunge kënne gemaach ginn.[3] D'Missioun vun der Sond ass op ronn annerhalleft Joer ugeluecht a si soll 37 Jupiterëmkreesunge maachen.

Eng Rees bis bei d'Galiléiesch Mounden ass net méiglech, well d'Mounden an der staarker Stralungsceinture sinn. Do géif d'Stralung d'Solarzellen an d'Bordelektronik zerstéieren.

Start[änneren | Quelltext änneren]

D'Atlas V 551 start mat der Raumsond Juno vun der Startramp 41
Geplangt Fluchbunn vun der Sond Juno

De Start vun der Sond war de 5. August 2011 um 16:25 UTC u Bord vun enger Atlas V(551) vum Cape Canaveral. Am Ufank war de Start fir de Juni 2010 geplangt.

Fluchstreck[änneren | Quelltext änneren]

Während de 5 Joer Fluch fir op de Jupiter huet d'Sond eis Sonn 1 ½ Mol ëmkreest a war am Oktober 2013 no laanscht eis Äerd geflunn. Dobäi huet si d'Schwéierkraaft vun der Äerd ausgenotzt fir e Swing-by-Manöver auszeféieren, an d'Vitess a Richtung Jupiter z'acceleréieren.

Nom Start gouf d'Sond op eng Bunn ëm d'Sonn geschéckt. Am August a September 2012 gouf et zwou Bunnkorrekturen. Déi éischt war den 30. August 2012. D'Leros-1b-Dreifwierk gouf fir 29 min 39 s gezünt, woubäi d'Vitess ëm 344 m/s verännert an 376 kg Dreifstoff verbraucht gouf. De 14. September 2012 gouf d'Dreifwierk nach eng Kéier fir 30 Minutte gezünt, woubäi weider 376 kg Dreifstoff verbraucht goufen an d'Vitess ëm 388 m/s verännert gouf. Doduerch koum d'Sond de 9. Oktober 2013 bis op 560 km un d'Äerd erun a gouf vun hir beim Swing-by-Manöver ëm 3,9 km/s acceleléiert an op de Wee zum Jupiter bruecht.

Fir déi méi reng Justéierung goufen zwou weider Bunnkorrekture gemaach. Déi eng war den 3. Februar an déi zweet den 31. Mee 2016.

D'Sond huet de Jupiter de 4. Juli 2016 erreecht[4] a bleift elo op engem staark elliptesche polaren Orbit.

Enn vun der Missioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Enn vun der Missioun ass fir de Februar 2018 virgesinn. D'Sond soll da kontrolléiert an d'Jupiteratmosphär falen.

Technesch Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Den Haaptkierper vum Juno ass e Prisma mat sechs Säiten. Jiddwer Säit huet ongeféier 2 m Kantelängt. Op dräi vun de sechs Säite si véierfach zesummeklappbar Solarmodule mat 8,9 m Längt[5] festgemaach. Dovu sinn zwéi Moduler komplett mat Solarzellen beluecht, dat drëtt nëmmen op dräi Felder, um véierten ass e Magnéitometer fesatgemaach. Bei allen dräi Solarmoduler ass dat bannenzegt Feld zirka 2 m breet. Déi baussenzeg sinn 2,65 m breet. D'Uewerfläch fir d'Sonneliicht opzefänken huet am Ganzen iwwer 60 m². Déi gëtt gebraucht, well d'Sonnenastralung beim Jupiter manner wéi 4 % géigeniwwer der Äerd entsprécht. D'Solarmoduler bréngen et um Missiounsenn nach op 435 Watt elektresch Energie.

Am Zentrum vum Juno-Haaptkierper ass eng Parabolantenn fir d'Kommunikatioun am X-Band mat der Äerd. Déi ass mat enger fir Radiowellen duerchlässeger Sonneschutzfolie ofgedeckt.[6] Duerch d'Parabolantenn leeft d'Rotatiounsachs vum Juno, fir d'Raumsond ze stabiliséieren. Der Juno hire Rotatiounskrees huet mat ausgeklappte Solarmoduler en Duerchmiesser vu méi wéi 20 m [7] an d'Startgewiicht war 3625 kg. Als Straleschutz fir d'Bordelektronik déngt eng Box aus Titanplacken déi een Zentimeter déck sinn, mat engem Totalgewiicht vun zirka 200 kg.[8]

Instrumenter[änneren | Quelltext änneren]

De Logo vun der Missioun weist déi dräifligeleg Form vun der Sond mat hire Solarmodulen
Opbau vun der Raumsond Juno (Stand 2009)

D'Juno huet folgend siwen Instrumenter:

Jovian Auroral Distributions Experiment (JADE)
JADE studéiert d'Aurora vum Jupiter, an där geluede Partikele wéi Elektronen a Ionen laanscht d'Magnéitfeldlinne vum Planéit gemooss ginn. D'Instrument gouf vum Southwest Research Institute (SwRI) gebaut.
Juno Ultraviolet Spectrograph (UVS)
UVS soll Fotoe vun der Aurora am ultraviolette Liicht maachen an dobäi zesumme mam JADE schaffen. D'Instrument gouf vum Southwest Research Institute (SwRI) gebaut.
Magnéitometer (MAG)
E Magnéitometer fir de Studium vum Magnéitfeld. D'Instrument gouf vum Goddard Space Flight Center a vum JPL gebaut.
Microwave Radiometer (MWR)
E Mikrowellespektrometer fir den Ammoniak- an Waasserundeel an der Jupiteratmosphär ze moossen. D'Instrument gouf vum JPL gebaut.
Energetic Particle Detector (EPD)
D'Instrument gouf vum Applied Physics Laboratory vun der Johns Hopkins Universéit gebaut.
Waves
En Instrument fir d'Plasma- a Radiowellen an der Magnéitosphär vum Jupiter ze moossen. Et gouf vun der Universitéit Iowa gebaut. Et empfängt am Frequenzberäich tëscht 50 Hz an 41 MHz.
JunoCam
Eng kleng Kamera, déi Fotoe vum Jupiter senge Wolleken am visuelle Liicht maache soll. D'Instrument gouf vun Malin Space Science Systems gebaut. D'JunoCam soll eng besser Bildopléisung vun der Wollekendecken ëm de Jupiter liwweren, wéi déi fréier Fotoen. Bei enger Distanz vu 4.300 km zu der Wollekendecke ass d'Bildopléisung vun der Kamera, déi e 1600 x 1200 Pixel Sensor huet, ronn 15 km/Pixel an ass domat méi reng wéi déi vum Hubble-Weltraumteleskop mat beschtefalls 119 km/Pixel Opléisung.[9] Et ass do driwwer eraus och méiglech, datt d'Kamera Fotoe vu jupiternoe Mounde wéi Io oder Amalthea maache kann, allerdéngs wéinst der Distanz nëmme mat méi schlechter Opléisung.

Undriff[änneren | Quelltext änneren]

Der Juno hire Primärundriff fir den Deep-Space-Manöver souwéi fir d'Aschwenken an d'Jupiterëmlafbunn ass e Leros-1b-Dreifwierk mat engem Schub vun 645 N. D'Dreifstoffer sinn Hydrazin a Stéckstofftetroxid. D'Lagkontrollsystem ass monergol a benotzt Hydrazin. Et huet 12 Düsen, déi op véier Plazen um Haaptkierper ugemaach sinn.[10]

Spezielles[änneren | Quelltext änneren]

Als Erënnerung un den Entdecker vun de grousse Jupitermounden huet d'Juno eng Aluminiumplack mam Bild a mat enger handschrëftlecher Notiz vum Galileo Galilei souwéi dräi Lego-Figuren, déi de Galilei, de Jupiter a seng Fra Juno duerstellen, u Bord.[11]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Juno – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Spacecraft and Instruments
  2. Lëscht vun de NASA-Ofkierzungen, Stand 2008 (PDF)
  3. Juno Flight System & Payload
  4. Juno probe on target for 2011 departure to Jupiter
  5. Juno Fact Sheet aus dem Joer 2009 (PDF; 159 kB)
  6. siehe Bild
  7. Juno Spacecraft Overview
  8. FlugRevue September 2010, S.81, Strahlenschutz für Juno
  9. Collision leaves giant Jupiter bruised - NASA, ESA, Michael Wong (Space Telescope Science Institute, Baltimore, MD), H. B. Hammel (Space Science Institute, Boulder, CO) and the Jupiter Impact Team (accessed September 25th 2010)
  10. Artikel zu der technescher Beschreiwung
  11. (en) Juno Spacecraft to Carry Three Figurines to Jupiter Orbit. NASA, 8. Mäerz 2011. Gekuckt den 2. Mäerz 2012